Gesetz gëtt en Donneschdeg gestëmmtRemplacement vun engem Dierwiechter soll méi einfach gemaach ginn

Roy Grotz
Och am Etat de crise hëlt d'Chamber natierlech weider Gesetzesprojeten un.

De Mëttwoch de Moie gouf zum Beispill en Text ugeholl, deen en Donneschdeg an der Plenière gestëmmt gëtt an deen de Remplacement vun engem Dierwiechter soll méi einfach a flexibel maachen. Den Text spillt, wann den Huissier krank gëtt oder Congé hëlt - d'Prozeduren, fir en Ersatz ze fannen, gi vereinfacht.

Och dësen Text ass am Kader vun de restriktive Mesuren an der Lutte géint d'Corona-Pandemie ze situéieren.

Wann also zum Beispill en Dierwiechter a Quarantän ass, respektiv sech krank mellt, ass et um President vun der Chamber vun den Dierwiechter, fir e Remplaçant ze bestëmmen - dëse kann och aus engem aneren Arrondissement kommen.

D'Fro stellt sech abënns fir de Justiz-Bezierk vun Dikrech, wou et nëmmen 3 Dierwiechter ginn.

D'Ännerung vum entspriechende Gesetz, déi en Donneschdeg dierft um Krautmaart ugeholl ginn, soll och nom Etat de crise nach gëllen.

Dëse Freideg gëtt an der Chamber-Justiz-Kommissioun iwwerdeem iwwert d'Suspensioun vu verschiddenen Delaien op juristeschem Niveau diskutéiert - zum Beispill ass wärend dem Etat de crise ee wichtegen Delai ausgesat: nämlech deen, datt een no der Gebuert vun engem Kand muss bannent 5 Deeg beim Etat civil passéieren, dat gëllt fir den Ament net.

Back to Top
CIM LOGO