Invité vun der Redaktioun (31. Mee)René Closter: Nei LAR-Hangare si schonn ze kleng

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moien war de CEO vun der Air Rescue.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: René Closter
Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moien ass de CEO vun der Air Rescue.

Zënter 3 Joerzéngte gëtt aus der Loft gehollef. D'Air Rescue feiert hiren 30. Anniversaire.

Aus engem Grupp vu Beruffspompjeeën an engagéierten Dokteren, déi op fräiwëlleger Basis a mat wéinege Moyene geschafft hunn, wier haut eng PME à but humanitaire ginn, déi definitiv aus de Kannerschong erausgewuess ass. Dat seet de René Closter, CEO vun der Air Rescue.

Haut huet d'Air Rescue 175 Mataarbechter, se huet 185.000 Memberen. 6 Helikopteren a 5 Ambulanz-Fligeren. D'LAR mécht en Ëmsaz vu 35 Milliounen Euro,
   
Méi ewéi 44 Millioune Kilometer goufe gemaach, dat huet méi ewéi 70.000 Stonne gedauert, 1.100 mol gouf mat de Fligere ronderëm d'Welt geflunn.

D'Air Rescue huet sech iwwerdeems fir 1 Millioun € e Simulator ugeschaaft, an deem divers Noutfall-Situatioune kënne nogestallt ginn.

Den nach zimlech neien Hangar um Findel ass schonn nees ze kleng. De René Closter hofft, datt an den nächsten Deeg kann e Kontrakt mat Luxairport kann ënnerschriwwe ginn, fir d'Capacitéiten ze erweideren.
 
Den 30. Gebuertsdag gëtt iwwregens grouss gefeiert. Ënner anerem ass ee vun de Piloten zu Besuch, dee virun e puer Joer bei der spektakulärer Noutlandung am Hudson River zu New York am Cockpit souz.

Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moien war de CEO vun der Air Rescue.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

30 Joer Air Rescue - De Pierre Weimerskirch huet ee vun den déngschteelsten Helikopterpilote getraff a mat him iwwer säi Beruff a seng Passioun vum Fléie geschwat.

VIDEO: Air Rescue: Liewe retten als Beruff
Et ass eng Organisatioun, mat där een am léifsten ni eppes ze dinn huet. Mee wann engem eng Kéier eppes geschitt, ass ee frou, wa se fir een do ass.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO