
Un de legale Rentenalter vu 65 Joer wëlle weder d’CSV an d’DP, nach d’LSAP an déi Gréng goen. Par contre misst deene meeschte Parteien no de reellen Untrëttsalter, deen aktuell an der Moyenne bei knapp iwwer 60 Joer läit, eropgoen. Dat ass eng vun den Haaptpisten, déi aus der Pensiounsdebatt e Mëttwoch de Moien an der Chamber erauszehéiere war (déi Lénk an d’Pirate sinn e Mëttwoch de Moien an der Debatt nach net zu Wuert komm, nvdr).
Den CSV-Deputéierten Alex Donnersbach an den DP-Deputéierte Gérard Schockmel konnten oder wollten awer ausser “Ureizer” net soen ewéi d’Leit solle méi laang schaffen. Se konnten och net quantifiéieren ewéi vill wéi eng Mesure géing dem System finanziell bréngen.
D’ADR war méi explizitt an huet sech dofir ausgeschwat, datt den Untrëttsalter fir d’retraite anticipée vun aktuelle 57 a 60 Joer, iwwer 12 Joer gestreckt, ëm 1 Joer soll klammen. De legale Rentenalter vu 65 Joer an déi 40 Cotisatiounsjore wéilt se awer bäibehalen. Fir d’LSAP wier de Rentenalter an d’Luucht setzen en “No-go”.
Cotisatiounen erop?
D’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding huet d’Remark gemaach, datt obwuel d’Deputéiert Alex Donnersbach (CSV) a Gérard Schockmel (DP) ee groussen Handlungsbedarf bei de Pensioune gezeechent hunn, se “vage” bliwwe wieren. Se hunn effektiv wéineg Mesurë proposéiert a sote méi, wat op kee Fall dierf gemaach ginn.
Béid CSV an DP hu sech notamment géint d’Erhéijunge vun der Cotisatiounen ausgeschwat, iwwerdeems d’LSAP am Géigendeel mengt, datt wann eppes misst ënnerholl ginn, dat op der Säit vun de Recetten misst sinn. Dat huet och déi gréng Deputéiert Djuna Bernard esou gesinn a si huet och no “neie Finanzéierungsquelle” gefrot.
D’ADR huet hei iwwerdeems proposéiert, datt d’Cotisatiounen iwwer 10 Joer gestreckt ëm 1% eropginn. All Joer géinge se also fir de Salarié, dem Employeur an de Staat ëm 0,1% klammen, huet d’Deputéiert Alexandra Schoos erkläert.
Privé (régime général) “versus” Public (régimes spéciaux)
D’CSV huet sech dann och kloer zu de Spezial-Regimmer vun der Fonction Publique bekannt. Datt d’Rente vu Beamten, déi virun 1999 agestallt goufen, un der leschter Pai berechent ginn, wier eng Fro vu “Vertrauen” a “Respekt” virun engem Accord. Den Alex Donnersbach sot, et dierf een net an eng “Näid-Debatt” geroden: zwar wieren d’Rente beim Staat net plafonéiert, allerdéngs hätten am Privé d’Betriber d’Méiglechkeet, Zousazpensiounen unzebidden.
Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard huet hirersäits awer Mol begréisst, datt iwwer déi zwee Systemer geschwat gëtt. Si huet sech fir e Pensiounsfong fir d’Fonction Publique ausgeschwat, esou ewéi et ee fir de Privé jo gëtt.
CSV an DP géint Erhéijung vu Mindestrent
Iwwerdeems d’Oppositiounsparteien eng Erhéijung vun der Mindestrent gefuerdert hunn, hunn d’CSV an d’DP sech dogéint ausgeschwat.
De Gérard Schockmel huet drop higewisen, datt eng kleng Rent hunn net géing bedeiten, datt ee finanziell schlecht dru wier, well een nach aner Revenue kéint hunn ewéi Loyeren zum Beispill. “Mat enger allgemenger Erhéijung vun der Mindestpensioun maache mir keng Aarmutsbekämpfung”, esou den DP-Deputéierten.
Béid Regierungsparteie si fir méi geziilte Mesurë géint Altersaarmut.
D’Bremse vun 2012
D’CSV-Sozialministesch Martine Deprez huet an hirer kuerzer Introduktioun virum Debat just nach emol rappelléiert, datt am Regime général, am Privé also, d’nächst Joer schonn d’Renten iwwer de Recettë wäerte leien an deemno Bremse vun der Reform vun 2012 géingen antrieden, dorënner de modérateur d’Ajustement (d’Upassung – nieft dem Index - vun de Renten un d’Lounentwécklung, nvdr).
D’ADR huet iwwregens hei un hir Propos vun 2012 fir e gestaffelten Ajustement erënnert. Eng Propos, fir déi sech déi Gréng och ausgeschwat hunn. An hiren Aen misst och d’allocation de fin d’année sozial gestaffelt ginn, besonnesch wa se ewéi d’Reform vun 2012 virgesäit ofgeschaaft gëtt, wann d’Ausgaben iwwer d’Recettë klammen.
D’Martine Deprez huet e Mëttwoch de Moien dann och d’Agenda uginn: bis Enn Abrëll ginn et nach dräi sougenannt “Experte-Ronnen”.
“Mir kënne confirméieren, datt mir als Regierung net wëllen, de Pensiounsalter vu 65 Joer an d’Luucht setzen. Den Age légal bleift bei 65.” Dat sot d’Sozialversécherungsministerin Martine Deprez um Enn vun der Consultatiounsdebatt iwwert d’Pensiounen an der Chamber. Si sot och un de Pensiounen, déi schonn ausbezuelt ginn, géif näischt geännert. Fir de Rescht huet d’Ministerin sech bedeckt gehalen, sou datt net vill méi kloer ass a wéi eng Richtung eng méiglech Pensiounsreform géing goen. An deene nächste Wochen geet hire Consultatiounsprozess mat Experteronne virun.
RTL-Artikel: Um Mëttwoch an der Chamber: Consultatiounsdebatt iwwer déi laangfristeg Finanzéierung vum Pensiounssystem
De kompletten Dossier iwwer d’Pensioune fannt Dir hei.
RTL-Artikel: Um Mëttwoch an der Chamber: Consultatiounsdebatt iwwer déi laangfristeg Finanzéierung vum Pensiounssystem