Djuna Bernard iwwer Affär WilmesEt gëtt kee Grond, den Avis vun den Experten a Fro ze stellen

Annick Goerens
D'Deputéiert vun déi Gréng Djuna Bernard war e Mëttwoch de Moie live zougeschalt, virun der Santéskommissioun an der Chamber, wou och wäert iwwer de Fall vum suspendéierte Chirurg Philippe Wilmes diskutéiert ginn.
© Andy Brücker

Ech si keng Medezinnerin an d’Gesondheetsministesch och net. Mir verloossen eis als Politiker op den Avis vun Experten. Vum Dokter Wilmes selwer ass ee genannt ginn, vum Santésministère ass ee genannt ginn an een ofhängegen Dokter, op dee béid Säite sech gëeenegt hunn. Dofir hunn ech kee Grond, den Avis vun den Experten unzezweiwelen oder a Fro ze stellen. Dat sot d’Djuna Bernard. D’Deputéiert vun déi Gréng war e Mëttwoch de Moie live zougeschalt, virun der Santéskommissioun an der Chamber, wou och wäert iwwer de Fall vum suspendéierte Chirurg diskutéiert ginn.

Djuna Bernard am Interview iwwer d’Affär Wilmes

Huet de Collège medical genuch Moyenen?

Op Demande vun déi Gréng hunn d’Deputéiert een Echange mam Collège médical. Et wier nämlech wichteg, dass dëse Gremium gutt opgestallt ass. Et hätt een an der Lescht gemierkt, dass dëst Organ, mat deem d’Doktere sech selwer reguléieren, vill gefuerdert ass. D’Prozedure missten transparent an effikass sinn, fir dass de Collège médical gutt ka fonctionéieren. Am Santéssecteur géing aktuell awer vill diskutéiert ginn, ob dëse Gremium wierklech déi Moyenen huet, déi e brauch. Dat wier jo iwwer e Gesetz gereegelt an do géingen eng Rei Proposen um Dësch leie vum Collège médical selwer an dofir wier et fir d’Deputéiert vun déi Gréng wichteg, fir mat hinnen een Echange ze hunn ob dës Entwécklungen an déi richteg Richtung ginn. Et wier eben och wichteg, dass ee kéint Léieren zéien aus de leschte Méint fir d’Qualitéit vun de medezineschen Akte weiderhin ze garantéieren.

Rechter vum Patient stäerken

Eng weider Fro mat där ee sech misst beschäftegen, wier fir d’Rechter vun de Patienten ze stäerken, iwwer déi dacks net genuch géing geschwat ginn, sou d’Deputéiert vun déi Gréng. Et wier wichteg, dass Transparenz a Patiente-Sécherheet geschaaft gëtt. Um Niveau vun de Spideeler missten et richteg Reporting-Mechanisme ginn, wou een eppes ka mellen. Et misst ee virop mat enger Patiente-baséierter Approche schaffen, wou de Patient kann nofroen an och d’Recht kritt, fir een zweeten Avis ze kréien. Gläichzäiteg misst dann awer och d’Kontroll-Instanz, wéi de Collège médical eng ass, kënne gutt fonctionéieren. Dofir bräichte si déi néideg Moyenen. All dat géing Vertrauen an de System schafen, wat een elo dréngend bräicht, sou d’Djuna Bernard.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO