“Dass de Chèque-repas ka benotzt gi wéi eng Kaart, ass wierklech positiv”, seet den Alex De Toffol, Patron vun e puer Restauranten. Generell sinn d’Restaurateure frou doriwwer, dass se d’Chèques-repas net méi musse stempelen. Den administrativen Opwand wier méi kleng ginn. An domat ass et och schonn eriwwer mam Luef fir den neie System.
Stéieren deet ee sech nämlech un enger Augmentatioun vun de Fraisen. Dës wieren ëm 1 bis 2 Prozent an d’Luucht gaangen, seet de Steve Martellini, Generalsekretär vun der Horesca. Dat nodeems ee scho virdru Fraise vu 4 bis 5 Prozent gehat hätt.
“Firwat muss de Patron déi Kommissioun bezuelen? Firwat sinn et net och déi Firmen, déi d’Chèques zur Verfügung stellen?”, freet de Lou Reiter, als Patron vun engem Restaurant. Hien ass der Meenung, dass dës Fraise jo kéinten tëscht béiden Acteuren opgedeelt ginn.
De Generalsekretär vun der Horseca huet dann och d’Präispolitik vun de Prestataire vun de Chèques-repas kritiséiert. “Et kann een net genau novollzéien, wou déi Fraise wierklech hierkommen”, ënnersträicht hien. Dat géing net no bausse kommunizéiert ginn.
Wéi d’Fraisen entstinn, wann och net am Detail, erkläert de Sven Marinus, CEO vu Pluxee Belux. Et hätt een eng grouss Zomm missen investéieren. Vill verschidden Acteure géingen an deem neien Eco-System participéieren. An enger Transitiounsphas kéinten dofir méi Fraise fir d’Restaurateuren entstoen.
D’Digitalisatioun vum System géing awer och erméiglechen, dass an Zukunft just nach kéinte Liewensmëttel an de Supermarchéë mat de Chèques-repas kaaft ginn. An net méi wéi dat an der Vergaangenheet dacks de Fall war, Elektroapparater.