Souwäit ech weess, ass d'Tripartite en Instrument, fir eng Kris ze bewältegen, a mir hunn zu dësem Moment an der Stolindustrie keng Kris sot de Aarbechtsminister Dan Kersch no der Wirtschafts- an Aarbechtskommissioun an der Chamber, déi sech mam Accord "Lux 2019" a mat der Stolindustrie befaasst hat. Mir hunn e Restrukturatiounsplang vun ArcelorMittal virgestallt kritt, andeem et ganz kloer Garantië gëtt, fir d’Standuerter vun Déifferdeng a Belval z'erhalen.
Den LSAP-Deputéierte Georges Engel huet drun erënnert, datt d’Gewerkschaften LCGB an OGBL eng nei Tripartite fir en neien Accord verlaangen. Dat wier net onbedéngt falsch, mä et misst ee kucken, ob et net nach aner Moyene gëtt. Et misst ee kucken, wat de Minister mat der AcelorMittal ausgemaach huet.
D'Gewerkschafte froen, datt e Begleedungsinstrument geschaaft gëtt, fir d'Ëmstrukturatioun. Dem Marc Baum vun déi Lénk no wier et kloer, datt Arcelor Mittal net u sou engem Instrument interesséiert wier, well se net drun interesséiert wieren, datt Gewerkschaften en Abléck an d'Strukturen, d'Bicher an den Developpement vun den eenzele Sitte kréien.
Eng Tripartite oder eng Post-Tripartite war awer e Moyen, fir ekonomesch Politik hei zu Lëtzebuerg ze maachen, esou de Marc Baum. Et ass e wichtegt Instrument, datt een an engem Secteur, deen esou vill Ëmwälzungen ausgesat ass.
De Marc Spautz vun der CSV wënscht sech, datt kloer a däitlech gesot gëtt, a wat fir eng Richtung et geet. An huet vollt Verständnis mat de Gewerkschaften, déi eng Tripartite fuerderen, déi méi Detailer ze kréien, déi awer den Ament net um Dësch leien.
Bestätegt huet den Aarbechtsminister Dan Kersch, datt ëm déi 260 Aarbechtsplaze wäerten hei zu Lëtzebuerg am Kader vum "Projet de transformation", ofgebaut ginn. Enner anerem, well weider "automatiséiert" gëtt.
Eng vun den Zentrale Froen, bleift: Wei vill Geld ass Arcelor-Mittal bereet, weider an d'Lëtzebuerger Standuerter z'investéieren?