Wéinst dem vereenten a kale Fréijoer ass d'Vegetatioun hannendran. D'Wënzer op der Musel schwätze vun engem Retard vun 3-4 Wochen. De ville Reen hätt dem Buedem zwar gutt gedoen, ma elo briecht een awer Sonn a méi héich Temperaturen, fir datt d'Stäck sech entwéckele kënnen.
De Retard ass net weider schlëmm a seet och näischt iwwert d'Qualitéit vum Wäin aus. Dëst Joer Joer wäert d'Drauwelies awer eppes méi spéit ufänken. Zejoert war den Optakt vun der Lies schonn Enn August, fir 2021 rechent ee mat Enn September.