
E fréie Samschdeg de Muere gouf e Feieralarm an enger Wunneng an der Allée du Carmel ausgeléist. D'Rettungsdéngschter, déi séier op der Plaz waren, kruten de Brand séier ënner Kontroll.
Beim Asaz gouf allerdéngs eng Persoun am Gebai fonnt, déi kee Liewenszeeche méi vu sech ginn huet. Fir déi genee Doudesursaach festzestellen, gouf säitens dem Parquet eng Autopsie gefrot.
