
Op der Plaz waren ënnert anerem de Samu an de Rettungshelikopter vun Ettelbréck. Eng Persoun ass hei blesséiert ginn.
Den Donneschdeg géint 11.20 Auer koum et dann zu Rodange an de Route de Longwy zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen. Hei si 4 Persoune verwonnt ginn.
Kuerz viru 15 Auer gouf et dann nach ee weideren Accident, dat zu Diddeleng an der Route de Kayl. Eng Persoun gouf blesséiert, de Samu vun Esch war op der Plaz.