D'Ministeren Tanson a Meisch äntwerenRevolte zu Dräibuer wier op eng negativ Gruppendynamik zréckzeféieren

Claude Zeimetz
D'Gesetzprojeten iwwert d'Jugendstrof- an d'Jugendschutzrecht géifen iwwerdeems nach virun Ouschteren an de Regierungsrot kommen.

D’Sam Tanson an de Claude Meisch äntweren op eng parlamentaresch Fro vun der CSV, déi méi gewuer wollt ginn no der Revolte an der Unisec zu Dräibuer.

An der Unité de sécurité fir Mannerjäreger hat Police missen intervenéieren, well e Grupp vu Jonke refuséiert hat, zréck an hir Zell ze goen. Et wier déi éischte Kéier gewiescht, datt d’Police hätt missen an der zouener Struktur fir Mineuren agräifen.

Firwat déi Jugendlech randaléiert hunn, wier net eendeiteg ze soen. De Konflikt wier éischter op eng negativ Gruppendynamik zréckzeféieren, sou d’Sam Tanson. Och well verschidde Jonker sech scho méi laang kannt hätten. Schonn um Virowend hätt et Tensiounen ginn, déi awer am Dialog geléist konnte ginn.

Back to Top
CIM LOGO