Mars Di Bartolomeo"Richen eng Gefor fir eise solidaresche Pensiounsregimm"

RTL Lëtzebuerg
De Mars Di Bartolomeo war Invité um Platto vum RTL-Journal an huet op Aussoe vun der neier Ministesch fir Sécurité Sociale Martine Deprez reagéiert.
Interview mam Mars Di Bartolomeo
De Mars Di Bartolomeo war Invité um Platto vum RTL-Journal.

Invité vun der Redaktioun (18. Dezember) - Martine Deprez: Et ass verantwortungslos, näischt ze maache punkto Pensiounen D’Regierung sot 2012, datt de Pensiounssystem mat hirer Reform fir 50 Joer ofgeséchert wier. Elo soll nees eng nei Reform hier.

“Mir hunn eis virun 11 Joer absolutt net verrechent,” sou de Mars Di Bartolomeo am RTL-Interview.

Den LSAP-Deputéierte sot iwwer seng Pensiounsreform vun 2012, datt si dat Machbaart, dat Richtegt zum richtegen Zäitpunkt gewiescht wier an datt sech d’Reserve fir méi schwiereg Zäiten zënterhier verduebelt hätt. Aner Parametere wiere stabil bliwwen. Et wier och weider dru geschafft gi mat enger klorer Marschroute. Tëschebilane wiere gemaach, ma net am “Groussen Theater” diskutéiert ginn. Doriwwer raus wier esou eng Reform net fir d’Éiwegkeet, mä ëmmer och ee Work-in-Progress.

“D’DP huet déi Reform deemools an der Loft zerrappt”. Haaptsächlech de Premier Jean-Claude Juncker hätt sengem Sozialminister de Réck gestäipt an d’Reform iwwerhaapt méiglech gemaach.

Déi aktuell Ministesch wëll un deene nämmlechte Schrauwen dréine wéi 2012: Den Deel stäerken, dee fir jiddwereen ass, den Deel, dee vun der Pai ofhängeg ass, erofsetzen. Deen, dee méi verdéngt, ka sech och eng Zousazpensioun leeschten. Wat dem Mars Di Bartolomeo net gefält, ass, datt d’Regierung zwar e breeden Debat wéilt féieren, mä ouni wéi 2012 geschitt mat der Chamber mat um Rentendësch.

Dernieft wollt den LSAP-Deputéierte vun engem Faux-Pas vum Martine Deprez schwätzen: Et wieren ëmmer dräi Schrauwen, un deene kéint gedréit ginn: D’Cotisatiounen, d’Liewensaarbechtszäit oder d’Leeschtungen. An ier den Debat richteg kéint ufänken, géing d’Ministesch d’Erhéijung vun de Cotisatiounen ausschléissen an esou eng Patronatspositioun anhuelen. De Wirtschafts- a Sozialrot géing sech an der Pensiounsproblematik no annerhallwem Joer eens ginn, datt e sech net eens gëtt.

“Mir stinn zum Gesetz vun 2012", sou den LSAP-Deputéierten. Och déi Bäitragserhéijungen, déi do am Fall vum Desequiliber virgesi sinn, wieren net vum Dësch. Et misst een déi dräi Schrauwen envisagéieren oder sech nei Recettë ginn.

“Ech spieren d’Spuer-Bestriewunge vun der Regierung a rëselen un der Alarmklack. Ech hunn Angscht, datt mir hei een Zweeklasse-Pensiounsregimm schafen.” Et wier een un op d’Solidaritéit vu sämtlechen Assuréen ugewisen. De Privatsecteur géing d’Zousazpensiounen, och déi an de Betriber proposéiert ginn, net offréieren, fir eis e Gefalen ze maachen, mä fir Benefice ze maachen. Wann de Staat Suen huet, fir ze investéieren, soll e se prioritär an den 1. Pilier, den allgemenge Renteregimm investéieren.

D’Martine Deprez “huet eng Tromp, si kënnt vun Diddeleng, si ass eng klassesch Vertriederin vun der Securité sociale a si ka rechnen”, allerdéngs wier se ëm hir Missioun net ze beneiden. Hir Virschléi wieren nach vag, mä tëscht den Zeile géing de Mars Di Bartolomeo eng Gefor fir de solidaresche Pensiounsregimm richen.

Iwwerdeems hätt d’Regierung Interêt, fir d’Rente beim Staat a bei de Gemengen ofzesécheren, sou dem fréiere Minister säi leschte Saz am RTL-Interview.

Pensiounsreform gëschter an haut
Wéi ass eise System opgebaut?

Back to Top
CIM LOGO