E Méindeg de Moie war d'Finanzéierung vun de Pensiounen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Vun 2042 un ginn d'Reserve vun eiser Pensiounskeess net méi duer. Et ass verantwortungslos näischt ze maachen. Wat mir allerdéngs genee maachen, weess ech elo och nach net. Mä mir schwätzen driwwer. Dat sot déi nei Ministesch fir d‘Sécurité sociale. D'Martine Deprez war e Méindeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Si wéilt dat am Konsens maachen an dofir elo mol d‘Suerge vun den eenzele Partner héieren, ier een dann an der grousser Ronn zesummekéim.

Wéi fonctionéiert eise Pensiounssystem?

Graff resuméiert ass d'Ofsécherung vun de Pensioune jo an 3 Pilieren agedeelt. Fir de Privatsecteur ass den Haaptpilier d’Cotisatiounen un d‘Pensiounskeess CNAP – dat sinn aktuell 24 Prozent vum Brutto-Salaire. Am sougenannte „Régime général“ kotiséiert ee bis zu maximal 5x de Mindestloun. De Patron 8 Prozent, den Employé 8 Prozent an de Staat 8 Prozent. Den zweete Pilier sinn Zousazpensiounen, déi den Employeur kann ubidden. An den drëtte Pilier si privat Zousazversécherungen, déi ee kann ofschléissen. Fir den ëffentlechen Secteur ginn déi 3 Piliere vum Patron ofgedeckt.

Aktuell géifen déi 210.000 Pensioune déi ausbezuelt ginn, 5,7 Milliarden Euro kaschten. Op där anerer Säit ginn all Joers 6,7 Milliarden Euro u Cotisatioune bezuelt. Den Ament géif et deemno nach ronn 1 Milliard Iwwerschoss, esou d‘Ministesch. Ma dat kéint och séier dréinen, an dann hätt een och ganz séier emol 1 Milliard Defizit. Et ass gewosst, dass a 4 Joer d'Recette vun de Pensiounskeesen net méi duerginn, fir d‘Depensen ze decken. 2012 ass dunn eng Pensiounsreform op d‘Been gestallt ginn, mee zanterhier gouf eigentlech net méi vun de Pensiounen geschwat. Sou wéi wann elo alles am Botter wier, kritiséiert déi nei Ministesch.

Et ass verantwortungslos, näischt ze maache punkto Pensiounen
E Méindeg de Moie war d'Finanzéierung vun de Pensiounen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Wéi eng Pensiounsreform envisagéiert d'Regierung?

D‘Pensiounen bestinn aus zwee groussen Deeler. Een méi klengen Deel (24 Prozent vun engem gewëssen Montant), dee fir jiddereen d‘nämmlecht ass an een méi groussen Deel, deen ofhänkt vun dem, wat ee verdéngt huet. Wat ee méi verdéngt huet, wat een eng méi eng héich Pensioun kritt. An do wéilt een usetzen. Mat der Pensiounsreform vun 2012 wier och domat ugefaangen ginn. De klengen Deel gëtt lues a lues vun 24 op 28 Prozent eropgesat an domat liicht gestäerkt. An den Deel, deen ofhängeg ass vun der Pai, dee gëtt liicht erofgesat. Dat heescht, et géing een den Deel, deen all Mënsch kritt, stäerken. An an der Logik wéilt si weiderdenken, sou d'Ministesch.

De Reproche vum Sozialofbau, deen d'Oppositioun mécht, léisst d'Martine Deprez net gëllen. Dat géing der Komplexitéit vum Problem net Rechnung droen. Och am Koalitiounsprogramm géing stoen, dass déi obligatoresch Assurance den zentrale Pilier bleift. Dat wier keen Ofbau. D'Regierung géing souguer den éischte Pilier stäerken. An jee nodeems, wat een do géing envisagéieren, géing een kucken, ob de Besoin fir den 2. an 3. Pilier méi grouss gëtt.

Firwat gi keng Bäitragserhéijungen envisagéiert?

Dat wier een zweeschneidegt Schwäert. Déi Leit, déi d'Bäiträg géinge bezuelen, wieren déi, di elo géinge schaffen. Vun 2027 u musse mer allerdéngs méi ausgi wéi mer erakréien an domadder géingen d‘Reserven ganz schnell erofgoen. Bannent 15 Joer wier dann déi ganz Reserve ofgebaut, also vun 2042 un. D'Reform vun 2012 wier awer ugeluecht op 2052. An dofir misst haut eppes geschéien an et wier verantwortungslos ze waarden.

Bis wéini soll e Plang um Dësch leien, kéint si aktuell nach net soen. Dat géing dovunner ofhänken, wéi séier si géing mat den eenzelen Acteure virukommen. De System misst op alle Fall net just vun 2052 u gräifen, mee am Beschten Fall vun 2030 oder 2035 un.

Invité vun der Redaktioun: Martine Deprez

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.