Keng nei Fäll vun AfepoukenRisikopatiente kréien trotzdeem geroden, sech impfen ze loossen

RTL Lëtzebuerg
Déi meescht Fäll wieren hei am Land liicht verlaf. Wa Patienten hospitaliséiert goufen, war dat haaptsächlech wéinst der Péng.
Afepouken
Situatioun zu Lëtzebuerg

Zanter Mëtt Juni goufen zu Lëtzebuerg 55 Fäll vun den Afepouke confirméiert, dee leschten dovunner Ugangs September. Déi lescht zwee Méint hu sech keng weider Persoune mam Virus infizéiert. Dräi Leit goufen am Ganzen hospitaliséiert. Allgemeng géifen d’Fäll awer liicht verlafen, domat schéngt d’Situatioun hei am Land stabel. De Risk vun enger weiderer Verbreedung bleift fir den Ament kleng.

De Virus gëtt duerch en Test vum Waasser an der Pouk nogewisen. Vu wéini un ee genee ustiechend ass, ass awer nach net kloer. D’Infektioun dauert an der Reegel tëscht 3 a 4 Wochen.

Wéi den Epidemiolog Dr Joël Mossong vun der Santé erkläert, wier den Haaptproblem bei den Hospitalisatiounen d’Péng gewiescht. “Dat ware virun Allem homosexuell Männer, déi krank waren. Och ee Kand. Am grousse Ganze kann ee soen, datt d’Leit net vill krank waren. Mir haten dräi Patienten, déi am CHL waren. Déi konnten awer all no e puer Deeg Heem goen.”

D’Impfung géint d’Afpouke gëtt prinzipiell an zwou Dosissen administréiert. Leit déi awer schonn als Kand géint d’Pouke geimpft goufe kréie just e Booster. Lëtzebuerg krut jo 1.600 Impfunge geliwwert. 730 Leit hu sech antëscht am CHL impfe gelooss. “Déi Campagne ass Mëtt August ugaangen an déi meescht Leit kruten elo hir zweet Dosis. Mir haten zu Lëtzebuerg Chance, well mir genuch Impfungen hate fir Jiddwerengem, dee sech wollt impfe loossen och eng unzebidden.”

Risikopatienten, notamment homosexuell Männer déi net an enger fester Relatioun sinn, kréie weiderhi geroden, sech impfen ze loossen. “Wann een an deem Risikogrupp ass a sech wëll impfe loossen, da soll een am CHL de Service des Maladies Infectieuses kontaktéieren. Da kann een eventuell an enger Consultatioun geimpft ginn.”

Den Ament géif et keng gréisser Verbreedung vum Virus an Europa ginn. Et geet een och net dovunner aus, datt vill Fäll an den nächste Méint nokommen. D’Infektiounszuele kéinten awer am Summer nees klammen, wann och nees méi Aktivitéite sinn. Ob et dann zu klengen Ausbréch kënnt, kéint ee fir de Moment awer nach net soen.

Back to Top
CIM LOGO