D'Lëtzebuerger Bourse feiert den Ament hiren 90. Anniversaire. De sougenannte Luxembourg Stock Exchange funktionéiert e bëssen anescht ewéi all déi aner Bourssen, dat well manner am Handel, ma dofir méi an der Cotatioun vu Wäertpabeiere geschafft gëtt. Dat seet de CEO vun der Bourse, Robert Scharfe, hie war de Mëttwoch de Moien den Invité vun der Redaktioun.
Virun allem bei der Transparenz, der Kommunikatioun an Informatioun iwwer d'Pabeieren ënnerscheet d'Lëtzebuerger Bourse sech vun aneren Acteuren, seet de CEO.
Eng ganz wichteg Roll spillen déi sougenannt gréng Pabeieren. Zu Lëtzebuerg gouf eng Plattform geschaaft, déi nohalteg Wäertpabeiere kotéiert. Et hätt een domat en Trend gesat, seet de Robert Scharfe, beim Volume wier een elo rezent iwwer 100 Milliarden Dollar komm fir ronn 200 Emprunten.
D'Valeuren, déi zu Lëtzebuerg kotéiert sinn, representéieren am Ganzen méi ewéi 6 Trilliarden Euro. Nieft den Obligatioune spille virun allem Investmentfongen eng Roll.
Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie war de CEO vun der Lëtzebuerger Bourse.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren