D'Caritas begréisst, datt sech d'Regierung mat der "Rifkin-Etude" Gedanken iwwert déi zukünfteg Entwécklung vum Land mécht. Ma d'Hëllefsorganisatioun gesäit awer och eng ganz Partie Geforen an dëser sougenannter Drëtter Industrieller Revolutioun, wéi de Robert Urbé vun der Caritas erkläert huet. Dozou gehéieren zum Beispill dat Permanent erreechbar sinn, Sozial Isolatioun, Salariéen, déi exploitéiert ginn. Dowéinst missten déi nei Forme vu Schaffen och mat engem neie gesetzleche Kader encadréiert ginn. Duerch d'Digitalisatioun géifen och vill Aarbechtsplazen ewechfalen. Manner Aarbecht heescht manner Cotisatiounen, respektiv Steieren. Dës Sue feelen dem Staat awer dann, fir de neie soziale Problemer entgéint ze wierken, sou de Robert Urbé vun der Caritas.
De Invité vun der Redaktioun huet kritiséiert, datt deem Techneschen zwar Rechnung gedroe gouf an der Rifkin Etude, deem Sozialen awer net.
En Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war de Porte-parole vun der Caritas onsen Invité vun der Redaktioun.