Invité vun der Redaktioun (7. Juni)Roberto Scolati

Pit Everling
Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg war de President vun der ALEBA.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Roberto Scolati
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'ALEBA feiert dëser Deeg hir 100 Joer. De President Roberto Scolati sot um Donneschdeg de Moien am RTL-Interview, datt
d'Bankegewerkschaft zefridde wier mam accord de principe fir en neie Kollektivvertrag am Bankesecteur.

No ganz laangen an zéie Verhandlungen, hätte souwuel d'Gewerkschaften ewéi och d'Bankenassociatioun Waasser an hire Wäin geschott. Et hätt een zwar net erreecht, dass ee méi an der Pai kritt, ma d'Leit iwwer 45 Joer kruten awer en hallwen Dag Congé bäi an d'Junisprimm gouf ëm 10% gehéicht, sou de Roberto Scolati.

De Roberto Scolati

Geschwë soll d'Dokument ënnerschriwwe ginn.

Den "OGBL-Finanzsecteur" hat jo kritiséiert, datt d'ALEBA ze vill Concessioune bei de lineaire Salaires-Erhéijunge gemaach hätt.

Fir de Roberto Scolati bleift et derbäi, datt 2018 e schwaarzt Joer fir d'Bankeplaz gëtt. Weider schlecht Nouvellë vu Betriber déi Mataarbechter wäerten entloossen, stéinge virun der Dir. An den nächsten Deeg wäert een do kommunikéieren. Genannt gouf awer z.B. d'Nordea, wou een an der Conciliatioun ass. Do hätt d'Personal och schonn Aktiounen ugekënnegt, well se net zefridde sinn. Nordea hat jo och scho confirméiert, dass se 2019 definitiv zoumaachen. Do sinn eng 150 Leit betraff. An anere Betriber aus dem Bankesecteur wäerten 300 Leit betraff sinn.

De Roberto Scolati

D'ALEBA huet iwwregens 10'000 Memberen.

Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg war de President vun der ALEBA.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO