En Donneschdeg de Mëtteg gesi sech d’Sozialpartner fir de sougenannte “KI-Dësch”. D’Regierung invitéiert am Tripartite-Format op d’Schlass op Senneng.
“Déi Kënschtlech Intelligenz ass an eisem deegleche Liewe schonn iwwerall a mir als Gewerkschaft sinn ëmmer e bësse skeptesch.” Et géif een et net dramatesch gesinn, mä et misst een e bëssen oppassen, dat sot de Romain Wolff, President vun der Staatsbeamtegewerkschaft en Donneschdegmoien als eisen Invité vun der Redaktioun. D’Entreprisen an d’Patrone wiere ganz begeeschtert a géifen nëmmen Avantagen gesinn. D’Gewerkschaftler wäre bei der KI méi zréckhalend.
De Staat ass e Partenariat mat der franséischer Mistral AI agaangen. Den ëffentlechen Déngscht soll als éischt dovunner profitéieren. Et soll d’Aarbecht vun de Fonctionnairen erliichteren. “Mir waren do awer guer net am Virfeld matagebonnen. De Sozialdialog klappt also nach ëmmer net”, bedauert de Romain Wolff.
D’Staatsbeamte riskéiere besonnesch staark vun der KI betraff ze sinn. Enger Etüd vum Statec no kéinten hei am Land 14 Prozent vun allen Aarbechtsplaze wéinst der KI menacéiert sinn. Dat si knapp 64.000 Plazen. Besonnesch déi administrativ Beruffer an och d’Lëtzebuerger wieren am meeschte betraff, hat de Statec-Direkter géigeniwwer RTL gesot.
D’KI soll dem schaffende Mënsch hëllefen an en net ersetzen. Et bleift d’Fro vun der Responsabilitéit, déi jo egal wéi weider beim Mënsch bleift, gëtt de Syndikalist ze bedenken. Wat hie guer net géif begréissen, wier wa Leit entlooss ginn. Geziilte Weiderbildungen oder Ëmschoulunge wieren dofir wichteg. D’KI géif och keng Sozialversécherung oder soss Steiere bezuelen. Villäicht misst een dowéinst eng Steier fir Entreprisen aféieren, déi staark op d’KI setzen, gëtt de Romain Wolff ze bedenken.
Den Onlinemagazin “Reporter” huet virun 10 Deeg geschriwwen, de Finanzminister Gilles Roth wéilt méi streng op d’Ausgabe vum Staat kucken an an de Ministèren a Verwaltunge soll d’Brems ageluecht ginn. Et gouf dowéinst ugangs Februar e Bréif, emg Circulaire vum Finanzminister. Nei Ausgabe sollen anerwäerts agespuert oder ausgeglach ginn. D’Verwaltunge krute kuerz drop och Post vun der sougenannter “Commission d’économies et de rationalisation”, ënnerschriwwe vum Luc Frieden. Nei Rekrutementer beim Staat sollten “op en absolutte Minimum” limitéiert ginn. “Mir musse mol kucken, wat dat genee bedeit”, huet de Gewerkschaftspresident dës Opriff kommentéiert. Och dat hei wär een eréischt dono an aus der Press gewuer ginn.
An de leschten zéng Joer ass d’Zuel vun de Beschäftegten am ëffentlechen Déngscht ëm 44 Prozent gewuess, iwwerproportional zum Populatiounswuesstem. De Romain Wolff mengt net, datt an de leschte Joren an der Fonctioun publique ze vill rekrutéiert gi wär. D’CGFP hätt net gefuerdert, datt Leit agestallt ginn, fir keng Aarbecht ze hunn. Hie geet och net dovunner aus, datt dat geschitt ass.
En anert Thema mam CGFP-President war de Krich am Iran an d’Pëtrolspräisser, déi klammen. Et misst ee kucken, wéi sech dat entwéckelt a wéi laang de Krich nach dauert. Ob Pëtrolsreserve liberéieren vill bréngt, do ass eisen Invité skeptesch. Wann dat do net ganz séier op en Enn geet, wär eng richteg Tripartite néideg, mengt de Romain Wolff. Nach wär een net op deem Punkt, datt d’Regierung misst agräifen. Mä wann et nach laang dauert, kéinten awer finanziell Hëllefen fir Leit a Betriber néideg ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.