2.000 Kilometer Strooss, 120 Kilometer Autobunn, dat ass de staatleche Reseau, ëm deen „Ponts et Chaussées“ sech këmmert. Hiren neien Direkter, de Roland Fox, war e Mëttwoch de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Seng Verwaltung muss och nei Infrastrukture plangen. Dat net nëmme fir den Auto, deen zwar am Verkéier dominéiert, mä haut maache mer net nëmme méi Stroosseplanung, mä och Verkéiers- a Mobilitéitsplanung, seet de Roland Fox.
Haut sinn och zum Beispill séier Vëlospisten en Thema, eppes, un dat virun 10 Joer nach kee geduecht huet.
Eng 1.100 Leit schaffe bei „Ponts et Chaussées“, dovunner 600 Aarbechter. Mat de gréisste Projet ass an nächster Zäit den Ausbau vun der Diddelenger Autobunn op 3 Spueren. Iwwer 350 Milliounen Euro kascht dat. Dat gëtt eng grouss Erausfuerderung, sou den Direkter vu „Ponts et Chaussées“, 5 – 6 Joer laang soll dee Chantier daueren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.