Invité vun der Redaktioun (24. Mee)Romain Hoffmann iwwer d'Spritpräisser: Sou héich wéi laang net méi

Pit Everling
Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moie war de President vum Groupement pétrolier.
VIDEO: Radio - Invité vun der Redaktioun: Romain Hoffmann
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Automobiliste spieren et op den Tankstellen. D'Spritpräisser si sou héich ewéi laang net méi. De global gehandelte Produit Pëtrol ass méi deier ginn, seet de Romain Hoffmann vum groupement pétrolier, den Dollar ass par Rapport zum Euro geklommen an d'Stocke wiere manner ginn, ënner anerem dat wieren d'Grënn fir déi deier Spritpräisser. Weider ginn et Suerge mam Venezuela an den Iran.

Trotzdem wier et wahrscheinlech, datt et nach mat de Präishaussë weidergeet. Déi verschidde Produite klammen a falen iwwregens net d'selwecht staark, well déi fix Steierlaascht  all Kéiers eng aner ass, d'Accise fir den Heizungs-Masutt leien zum Beispill just bei 10 Cent de Liter, beim Bensin sinn et der iwwer 40.

D'Diesel-Kris wier beim verkaafte Volume nach net ze spieren, dat géing ënner anerem dorunner leien, datt déi professionell Clientèle mat Diesel-Camionnetten- a Camione géing fueren.

D'Stéchwuert Tanktourismus dann, dësen hätt net deen Impakt, seet de Romain Hoffmann. Ob mat konkrete politesche Reaktiounen op déi Etude ze rechnen ass, doriwwer hätt een iwwregens keng Informatioun, heescht et nach vum Groupement pétrolier. Dat géing ënner 10 Prozent vum Verkaf leien.

Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moie war de President vum Groupement pétrolier.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO