Invité vun der Redaktioun (5. Abrëll)Romain Schneider iwwer Fleegeversécherung a Streiksignaler

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie géint 10 op 8 ass de Sozialminister Romain Schneider.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Romain Schneider (5. Abrëll)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

De Streik am Gesondheets-Fleege a Sozialsecteur muss evitéiert ginn, sou den zoustännege Minister Romain Schneider um Mëttwoch de Mueren am RTL-Interview.

Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie géint 10 op 8 ass de Sozialminister Romain Schneider.

Den Invité vun der Redaktioun huet an deem Kontext och un d'Responsabilitéit vun de Sozialpartner an deem Secteur appelléiert.

D'Regierung hätt op alle Fall alles gemaach, fir datt en Accord ka fonnt ginn, dat mat finanzielle Garantien an datt verschidde Carrièren opgewäert ginn.

Der Kritik un der Reform vun der Fleegeversécherung hätt een och Rechnung gedroen, sou de Sozialminister weider.
 
De "Soutien spécialisé" wier vun 1 op 5 Stonne eropgesat ginn, an och déi 160 Leit déi, duerch d'Reforméiere vun der Begleedung beim Akafen ewechfalen, kéinte weiderhin am Secteur schaffen.

Ënnert anerem well méi Personal am Entretien-Beräich gebraucht géif ginn, wou d'Stonnen eropgesat goufen, eng nei Formule bei der Garde de Nuit spillt, an et ginn och Formatiounen ugebueden.

De Minister Romain Schneider bleift derbäi, datt d'Reform vun der Fleegeversécherung den 1. Januar 2018 prett ass.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO