Invité vun der Redaktioun (9. November)Romain Wolff: 80/80/90-Regelung der CGFP en Dar am A

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg den Owend war am Cycle Cercle déi grouss 30 Joer Feier vun der CGFP.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Romain Wolff
Mam Invité vun der Redaktioun gouf ëm 10 op 8 iwwer 50 Joer CGFP geschwat.

D'CGFP feiert den Owend hire 50. Anniversaire mat enger Seance académique am Cercle Cité. De President vun der Staatsbeamtegewerkschaft Romain Wolff war en Donneschdeg de Moien Invité vun der Redaktioun.

Ee vun de ganz grousse Problemer ass an den Aen vun der CGFP ass d'80/80/90-Regelung beim Stage. Et wier sech net un dat gehale ginn, wat versprach gi war. D'Leit géingen zum reduzéierten Tarif Vollzäit schaffen, dat wier net de Sënn vun der Saach gewiescht.

De Minister vun der Fonction publique, Dan Kersch, seet jo, hie wier ni Demandeur gewiescht fir déi 80/80/90-Regelung, ma dat hätt am Kader vum Accord salarial vun zejoert awer kënne geregelt ginn, ma d'CGFP hätt sech deemools fir d'Punktewäerterhéijung decidéiert.

De Romain Wolff confirméiert zwar, datt de Minister Kersch net Schold un de Kierzunge beim Stage ass, mä datt ee bei de Verhandlunge fir de Gehälteraccord zejoert de Choix gehat hätt, wier net richteg, d'Problematik vum Stage wier dunn nach net esou bekannt gewiescht.

De Romain Wolff (Extrait 1

De 27. November gëtt et ënnert anerem dowéinst eng Protestaktioun. Sollt der CGFP net nogelauschtert ginn, wäert ee sech mat alle Moyene wieren, déi eng Gewerkschaft zur Verfügung huet.

De Romain Wolff reegt sech dann och driwwer op, datt d'Reform am ëffentlechen Déngscht och op anere Plazen net korrekt ëmgesat géing ginn, hie weist an deem Kontext mam Fanger op d'Spuerkeess.

De Romain Wolff (Extrait 2)

Um Bord vum Gebuertsdag seet de President vun der national representativer Gewerkschaft, datt ee mat der Aarbecht aus de leschte 5 Joerzéngte kann zefridde sinn. Ee vun de ganz grousse Succèse war fir de Romain Wolff zum Beispill d'Gesetz iwwert de Statut vun 1979.

Um Donneschdeg den Owend war am Cycle Cercle déi grouss 30 Joer Feier vun der CGFP.

50 Joer Feier vun der CGFP

VIDEO: 50 Joer CGFP
Am Cercle Cité hunn d'Membere getraff, fir haaptsächlech de Gebuertsdag ze feieren. Revendicatioune sollen op anere Rendez-vouse gemaach ginn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO