Invité vun der Redaktioun (3. Mee)Romy Couturier, nei Presidentin vun der FAPEL

RTL Lëtzebuerg
Invitée vun der Redaktioun um Mëttwoch war déi nei Presidentin vun der Federatioun vun den Elteren-Associatioune FAPEL.
VIDEO: Radio - Invité vun der Redaktioun: Romy Couturier (3. Mee)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D’Federatioun vun den Elteren-Associatiounen, d'FAPEL, huet eng nei Presidentin.

D'Romy Couturier huet e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview vill Froen opgeworf, wei déi vill Schoulreformen konkret kënnen ëmgesat ginn. Ugefaangen am Fondamental: Wéi fonctionnéiert déi nei Orientéierung, an déi Eltere méi mat agebonnen ginn oder déi nei Bilanen?

An och bei der Lycéesreform wier nach villes ongewëss, zum Beispill fäert d'FAPEL do, datt ee mat deem Lycée à la carte, net méi richteg weess, wou ee säi Kand soll hischécken.

D'FAPEL kritiséiert och, datt een net méi genuch an d'Schoulpolitik géif agebonne ginn. Eng national Elterevertriedung wier keng ideal Léisung, ënnert anerem zweiwelt d'Federatioun do un der Onofhängegkeet vun dësem Gremium.

D'FAPEL hofft elo, datt een nach virun der Summervakanz eng Entrevue mam Educatiounsminister kritt, fir Explikatiounen.

Invitée vun der Redaktioun um Mëttwoch war déi nei Presidentin vun der Federatioun vun den Elteren-Associatioune FAPEL.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO