VerhiddungsmëttelRonn 1,7 Milliounen Euro rembourséiert de Staat

Roy Grotz
Dee Chiffer huet de Gesondheetsminister Etienne Schneider en Dënschdeg den Deputéierten an der zoustänneger Chamberkommissioun genannt.
© AFP

Och wa Kondomer net wäerten zeréckbezuelt ginn, mä elo ewell op Plaze gratis ausgedeelt ginn, sou envisagéiert de Minister, datt op laang Dauer och aner Contraceptiouns-Methode rembourséiert ginn, wéi d'Pëll fir den Dag duerno.

D'Alterslimitt, déi fir Fraen op maximal 30 Joer fixéiert gouf an aktuell fir de Remboursement vun Verhiddungsmëttel gëllt, soll och ewechfalen.

Enger Fuerderung vun den Apdikter gëtt iwwerdeem och an Zukunft Rechnung gedroen: Sou sollen d'Apdikte fir eng Garde mat 230 Euro rembourséiert ginn - dee Chiffer ass zwar nach net definitiv, mä global dierft dëst Indemniséiere vun den Apdiktesch-Garden de Staat eng ronn 765.000 Euro d'Joer kaschten.

An Zukunft sollen dann och Jonker encouragéiert ginn, fir Dokter ze ginn - duerfir solle spéider Spezialisten de Mount eng Indemnitéit vun 3.300 Euro kréien, wat eng Hausse vun 1.200 Euro duerstellt.

D'Deputéiert hunn iwwerdeem bedauert, datt bis ewell keng Demande fir den 10.000-Euro-Subsid ze kréien, erakomm ass; dee kënne Generaliste froen, wa si sech an engem Gruppe-Cabinet zesummeschléissen.

Da plangt de Gesondheetsminister verschidden nei national Aktiounspläng, zum Beispill géint d'Hepatitten, en nationalen Anti-Aids-Plang an e Plang "santé mentale". Den Invest an dës nei Pläng mécht 4,7 Milliounen aus.

Back to Top
CIM LOGO