
Dat, well zu Béiwen Ueleg ausgelaf war. Mat engem Bagger an enger Kette sollt een Ueleg-Behälter vun 300 Liter op een Unhänger geluede ginn. Bei dësem Manöver huet sech d'Ketten allerdéngs mam Auspuff verfaangen, esou dass de Behälter op de Buedem gefall ass a ronn 100 Liter Ueleg ausgelaf sinn.
D'Aarbechter hunn direkt reagéiert an hu Sand ronderëm de Behälter geluecht an hunn de Rescht Ueleg ëmgefëllt. D'Pompjeeën, d'Stroossebauverwaltung an d'Verantwortlech vu SEBES hunn direkt d'Kanäl ofgepompelt.
Fir ze verhënneren, dass Ueleg an d'Stauséi-Gebitt leeft, gouf eng Ofspärung an enger Baach opgestallt.
