700 Covid-Kontrollen d'lescht WochRonn 300 Persounen hu géint d'Corona-Reegele verstouss

RTL Lëtzebuerg
An 80 Prozent vun de Fäll hunn d'Leit sech net un d'Ausgangsspär gehalen, déi jo tëscht 23 a 6 Auer moies gëllt.

A 34 Fäll gouf et e Protokoll, respektiv e Rapport un déi zoustänneg Autoritéite geschriwwen, well sech net un déi sanitär Mesurë gehale gouf. D'Police präziséiert, dass dorënner och Mannerjäreger waren, et zu private Rassemblementer koum oder sech a Butteker oder Bistroen net un d'Reegele gehale gouf.

Am Fokus vun de Police-Kontrolle waren och Akafszentren.

Back to Top
CIM LOGO