
Dat huet ons d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch op Nofro hi matgedeelt. D’Stad Lëtzebuerg zentraliséiert d’Bréifwal fir Lëtzebuerger, déi am Ausland liewen a kee leschte Lieu de résidence hei am Land kënnen noweisen. Den Delai fir eng Demande fir e Walziedel ze maachen ass en Dënschdeg ofgelaf an net de Stempel vun der Post zielt, mee wéini d’Demande ukomm ass. Fir Bréifwal hei am Land ass Delai bis den 13. September.
E puer Parteien hate scho virun de Gemengewale probéiert, mat Reesen a Brasilien notamment Stëmmen do fänken ze goen. D’DP an déi Lénk waren déi eenzeg Parteien aus der Chamber, déi dat net gemaach hunn. Rezent hunn d’Piraten eng Lëtzebuergerin aus Brasilien als Kandidatin presentéiert. Fir d’CSV waren iwwert de Summer e puer Politiker an d’USA respektiv a Brasilien gereest, dorënner de Michel Wolter oder nach d’Koppel Wiseler-Lima.
Ronn 800 Wieler am Ausland, dat ass net vill, wann ee bedenkt, datt d’Zuel vu Lëtzebuerg am Ausland sech tëscht 2018 an haut quasi verduebelt huet: vu ronn 69.000 op elo 133.500. Eleng a Brasilien ass d’Zuel u sougenannten “Neo-Lëtzebuerger” dem Persouneregëster no op 26.000 geklommen, also esou vill, ewéi an der Belsch.
Iwwerdeems Honnertdausende Leit, déi hei am Land wunnen an/oder schaffen net däerfe wielen, kënne Leit am Ausland, déi Lëtzebuerger Virfahre kënnen noweisen, dat maachen. A condition, datt se d’Nationalitéit zeréckkruten, e gültege Pass hunn, a sech fir d’Walen ageschriwwen hunn.
Datt um Enn, genee ewéi 2018, dës Kéier relativ wéineg “Neo-Lëtzebuerger” wiele ginn, dat kéint deelweis dorunner leien, datt d’Demarche awer net esou evident ass.Den Daniel Atz, US-Lëtzebuerger vun Omaha am Bundesstaat Nebraska, ass Chef vu LuxCitzenship an huet eng Ëmfro bei Neo-Lëtzebuerger an Amerika gemaach. 11 Prozent vun de brasilianesche Lëtzebuerger wéilte wielen. Bei den US-Lëtzebuerger wieren et 8 Prozent. Hien ënnersträicht awer, datt der vill méi wéilte wielen, mee dat net klappt.

Hien ass selwer 2014 Lëtzebuerger ginn: “Déi éischte Kéier ewéi ech probéiert hunn hei an den USA ze wielen, gouf e Walziedel mat TNT verschéckt. An TNT huet kee grousse Reseau hei an den USA oder a Brasilien. 14 Deeg laang huet TNT säin Avis un der Dir hänke gelooss an ech wousst net, wou mäi Walziedel géing bleiwen. Ech krut en dunn eréischt een Dag virum Vott, also war et onméiglech, mäi Walziedel mat Zäit vun den USA zeréck op Lëtzebuerg ze schécken.”
D’Lëtzebuerger Regierung interpretéiert dann d’Gesetz esou, datt e Wieler muss e gültege Lëtzebuerger Pass hunn. Den Daniel Atz deelt dat net esou. Mä soulaang et esou ass, ass et fir Neo-Lëtzebuerger nach méi schwiereg ze wielen: “Déi Leit (Lëtzebuerger am Ausland) kruten e Certificat de nationalité, mee et muss een tëscht 6 a 9 Méint op den Ambassaden zu Washington oder Brasilia waarden, fir de Lëtzebuerger Pass ze froen. An de Staatsministère seet, et muss een e Lëtzebuerger Pass hunn, fir wielen ze goen”. Den Daniel Atz betount awer, datt am Walgesetz vun 2003 net formell drop steet, datt et muss e Lëtzebuerger Pass sinn.
Vill Lëtzebuerger an den USA a Brasilien wieren net frou doriwwer, mee sou wäit hie wéisst, hätt nach keen e Recours géint de Lëtzebuerger Staat ënnerholl. Firwat iwwerhaapt Leit, déi ni hei gelieft hunn, wëlle wielen? Dat wier dem Daniel Atz haaptsächlech dorobber zeréckzeféieren, datt verschidde Leit der Meenung sinn: “Wann ech schonn d’Nationalitéit krut, da muss ech och participéieren.”