Fahrerflucht op der Tréierer A1Ronn 500 Liter Diesel no Accident op d'Autobunn gefloss

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moien um 4.46 Auer gouf d'Pompjeeë vu Maacher-Mäertert alarméiert wéinst engem Accident op der A1, Stad Direktioun Tréier.
© CIS Grevenmacher-Mertert

Tëscht den Ausfaarte Mäertert a Waasserbëlleg war en Auto no engem Iwwerhuelmanöver säitlech an e Camion gerannt. De Chauffer vum Auto huet sech nom Tëschefall ewech gemaach, ouni nom enstane Schued ze kucken. D'Remorque vum Camion gouf därmoosse beschiedegt, datt Stécker vum Ënnerbuedemschutz an der Karosserie ofgerappt goufen a matten op der Bunn leie bliwwe sinn.

De Camionschauffer hannendrun hat keng Chance auszewäichen a krut ee vun de Stécker ze paken. Den Tank vu sengem Gefier gouf opgerappt a ronn 500 Liter Diesel sinn op béid Spure vun der Autobunn gelaf.  Eréischt no 150 Meter koum de Camion un d'Stoen.

D'Pompjeeë konnten den Diesel mat spezielle Produiten opfänken a ronn 60 Liter konnten nach aus dem Tank gesammelt ginn. D'Ponts et Chaussées gouf donieft op d'Plaz geruff, fir d'Autobunn ze botzen.

Beim Tëschefall ass kengem eppes geschitt, de Materialschued ass awer héich. D'Autobunn Direktioun Tréier huet zäitweis misse komplett gespaart ginn. De geflüchte Chauffer konnt iwwerdeems kuerz Zäit méi spéit an der Géigend vu Waasserbëlleg ermëttelt ginn. Den Alkoholtest war positiv, hie krut e Protokoll an e Fuerverbuet.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë Maacher-Mäertert mat 10 Mann, d'Police vu Bartreng, Leit vum Waasserwirtschaftsamt an d'Ponts et Chaussées vum Potaaschbierg.

Aner Tëschefäll op eise Stroossen

Wéi de CGDIS mellt, koum et en Dënschdeg de Moien  nach zu weideren Accidenter.

Géint 6.15 Auer hate sech op der A3 Héicht Aire de Berchem an Direktioun Gaasperecher Kräiz en Auto an e Moto ze pake kritt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Eng weider Kollisioun mat engem Blesséierten tëscht engem Auto an engem Moto gouf et nach um 8.38 Auer an der Stad an der Rue d'Alsace.

Kuerz virun 6.30 Auer ass op der Nordstrooss an Direktioun Stad en Auto op d'Kopp gaangen, och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Tëscht Tënten a Buer krute sech géint 9.40 Auer e puer Ween ze paken, hei ass awer kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO