PoliceRonn 60 Appeller, well sech an der Silvesternuecht net un d'Nuetsrou gehale gouf

RTL Lëtzebuerg
Donieft huet d'Police e puer alkoholiséiert Chauffeuren erwëscht an et koum an der Nuecht op Neijoerschdag zu Abréch an engem Iwwerfall.

An der Nuecht vum 31. Dezember 2021 op den 1. Januar 2022 krut d’Police tëscht 22 Auer a 6 Auer ronn 60 Appeller, well sech net un d’Nuetsrou gehale gouf. E groussen Deel vun den Appeller war wéinst dem Ofbrenne vu Freedefeier a Kaméidi am Zesummenhang mat private Partyen.

Da waren awer och nees eng Partie Chauffeuren ënnerwee, déi ze vill gedronk haten. Géint 00.30 Auer ass der Police een Auto op der N7 am Agang vun Housen opgefall, deen d’Winkeren unhat, vir keen Nummereschëld méi hat an ee Pneu platt war. Donieft war den Auto vir och nach beschiedegt. Den Alkoholtest beim Chauffeur war positiv an de Führerschäi war nach op der Plaz fort.

Kuerz no 1 Auer ass an der Avenue J.-F. Kennedy an der Stad ee Chauffeur mat sengem Gefier am Zickzack gefuer. Och hei war ze vill Alkohol am Spill an de Permis fort.

Kuerz no 4 Auer krut d’Police nach een Accident zu Schengen an de Wéngerte gemellt. D’Resultat vum Alkoholtest war och bei dësem Automobilist positiv an de Führerschäin fort.

An der Stad koum et dann nach zu Iwwerfäll. An der Rue Aldringen krut eng Persoun eng gëlle Kette geklaut. An en Donneschdeg den Owend schonn haten zwee Männer op enger aner Persoun ageschloen. Wéi d’Police op d’Plaz komm ass, huet sech erausgestallt, datt d’Affer de Portmonni geklaut krut. D’Affer koum an d’Spidol. D’Police konnt kuerz drop zwee presuméiert Täter festhuelen.

An der Nuecht op e Samschdeg waren och Abriecher ënnerwee. Zu Ierpeldeng bei Wolz an um Briddel hunn Onéierlecher Géigestänn aus Haiser geklaut.

Back to Top
CIM LOGO