LuxinnovationRonn 70 Mataarbechter mat bal 700 Kontakter

Maxime Gillen
D'Agence wëll klengen Entreprisen op d'Been ze hëllefen an etabléierte Betriber a puncto Digitalisatioun an Innovatioun ënnert d'Äerm ze gräifen.
© Florian Talon/Studion fir Luxinnovation

En Dënschdeg de Moien huet eng nei Ekipp un der Spëtzt vun der Agence de Bilan vun 2018 presentéiert. Nieft dem Sasha Baillie als Direktesch an dem Mario Grotz vum Wirtschaftsministère als President war och de Lex Delles als neie Mëttelstandsminister eng éischte Kéier bei dëser Presentatioun derbäi. Allgemeng schéngt d'Aarbecht vun de leschte Joren 2018 hir Friichte gedroen ze hunn ...

Luxinnovation: Reportage Maxime Gillen

... wat sécherlech och doru läit, dass eng ganz Partie nei Leit agestallt goufen an entretemps ronn 70 Mataarbechter fir Luxinnovation schaffen. Dës stellen ënnert anerem Kontakter tëscht Betriber hier, déi sech dann austauschen oder deels och zesummeschaffen. D'lescht Joer goufe bal 700 där Kontakter hiergestallt, heescht et am Rapport annuel vu Luxinnovation. Dat wieren der méi wéi duebel sou vill wéi nach am Joer virdrun.

Mat der neier Direktioun gëtt sech och erëm nei op dat fokusséiert, wat d'Entreprisë genau brauchen, esou d'Direktesch Sasha Baillie: "D'Approche, wierklech d'Besoine vun de Betriber ze verstoen an hinnen ze hëllefen, ass immens wichteg. Egal wéi grouss déi Betriber sinn, ob dat am Artisanat ass bis an d'Industrie. Dat ass wierklech den Accent vun onsen Aarbechten dëst Joer."

Luxinnovation bitt zum Beispill eng Rei Programmer un, fir Entreprisen ze hëllefen, sech weider z'entwéckelen – sief dat andeems se sech vergréisseren, an innovativ Iddien investéieren oder verschidden Aarbechtsofleef a Prozeduren digitaliséieren. De Minister Lex Delles: "De Programm Fit4Digital gesäit vir, dass e Betrib sech vun engem externe Spezialist eng Analys maache léisst fir ze kucken, wou hien a Saachen Digitaliséierung steet a wat fir eng Entwécklungsméiglechkeet d'Entreprise och an deem Beräich huet. Den Expert préift déi digital Maturitéit vum Betrib a mécht doropshi Recommandatiounen a Propositiounen, wou am Betrib nei Technologië kënnen agesat ginn, déi der Entreprise eng reell Plus-value bidden."

D'Käschte fir dës Analys gi vum Ministère iwwerholl. Och hei wier d'Zuel vun de Participantë vun 2017 op 2018 staark geklommen, vu 15 op 68, esou d'Direktesch Sasha Baillie.

Fir Betriber, déi nach ganz um Ufank stinn, gëtt et de Programm Fit4Start, fir dee sech d'lescht Joer ganzer 400 Entreprisë gemellt haten.

Luxinnovation huet Funktiounskäschte vu ronn 11 Milliounen Euro. Déi ginn zu 90 Prozent vum Staat iwwerholl. De Rescht kënnt vun hire Partner Chambre de Commerce, Fedil, Chambre des Métiers an der Europäescher Unioun.

PDF: D'Presentatioun vum Joresrapport.

Back to Top
CIM LOGO