
Wéi RTL en Donneschdeg erkläert huet, hu Banquieren dem Kollektivvertrag no schonn aktuell méi wéi 30 Deeg d’Joer fräi, mä am Vertrag gëtt en Ënnerscheed gemaach tëscht dem legale Congé an de Roudeeg. D’Aleba gesäit dat och esou a schreift, datt d’Roudeeg op eng „historesch Kompenséierung“ zeréckginn, déi virgesi war, fir fréier Feierdeeg, déi ewechgefall sinn. Donieft wieren d’Roudeeg ausgehandelt ginn, fir datt d’Gewerkschaft am Echange drop verzicht, eng Verkierzung vun der 40-Stonnen-Woch ze verlaangen.
D’Gesetz iwwert d’Hausse vum minimale Congé ass nach net duerch d’Chamber, mä wäert fir dëst Joer scho gëllen. RTL huet op eng Rei juristesch Interpretatiounsschwieregkeeten higewisen. D’Deputéiert kéinten nach wärend dem legislative Prozess Präzisioune bréngen. Den LSAP Aarbechtsminister Dan Kersch, dee sot ons d’lescht Woch, d'Problemer sollen eréischt „le moment venu“ geléist ginn.
D’Patronat huet sengersäits nach keng Interpretatioun vum Gesetz ëffentlech gemaach, mä ass prinzipiell géint déi zousätzlech fräi Deeg.