No Kritik wéinst ËmhaenRout Bich gesäit nach schéin aus, ass awer faul bannendran

RTL Lëtzebuerg
Vill Leit hu sech opgereegt, nodeems si gewuer gi sinn, dass déi al rout Bich an der Stad beim City Museum géif ewech geholl ginn.
Kritik wéinst Ëmhae vu rouder Bich
Vill Leit hu sech opgereegt, nodeems si gewuer goufen, dass déi al rout Bich beim Stater City Museum géif ewech geholl ginn. Et muss awer sinn, de Bam ass faul.

Esou ee schéinen ale Bam, dee jo awer nach gutt ausgesäit, sou d’Ausso vu ville Leit. Ma dat täuscht awer. De Fagus sylvatica f. purpurea gesäit vläicht nach gutt aus, mä bannendran ass de Bam faul.

En ass och schéi vu baussen, imposant, a säin Alter gëtt op tëschent 250 an 300 Joer ageschat. Alles huet wuel en Ënn, esou dann och d’ Liewe vun dëser ganz aler rouder Bich. De Roland Kirch këmmert sech bei der Stad Lëtzebuerg ëm d’Beem, d’Sécherheet ass hei prioritär. Wann en net ëmgehae gëtt, wäert deemnächst de Wand en ëmhaen.

All eenzele Bam ass iwwregens an der Stad Lëtzebuerg enregistréiert, esou ass dem Bam seng Krankheet fir d’Gemeng keng nei Feststellung. 2010 gouf dëse Champignon mam Numm “Flacher Lackporling” scho festgestallt. De Stater Schäffen Serge Wilmes suivéiert zanter deem dem Bam seng Entwécklung an hat deemools laang gewaart, fir ze kucken, op en awer net ze rette wär. Dëst ass awer net de Fall, an elo muss en fort.

E Bam dee wuel scho villes erlieft huet, a wann e schwätze kéint, géif ee bestëmmt nach déi eng oder aner nach net bekannte Geschicht gewuer ginn.

RTL NEWS: 300 Joer ale Bam am Haff vum Lëtzebuerg City Museum gëtt ëmgehaen

Back to Top
CIM LOGO