
Wéi d’Stad Lëtzebuerg e Freideg matdeelt, muss déi grouss Rout Bich, déi am Haff vum Lëtzebuerg City Museum steet, aus Sécherheetsgrënn ëmgehae ginn.
De Bam vum Type “Fagus sylvatica f. purpurea” ass schonn zanter 260 bis 300 Joer do verwuerzelt an ass ronn 24 Meter héich. De Bam ass allerdéngs vun der Pilz-Zort Ganoderme befall, déi d’Holz an der Déift ugräift. Dës gouf 2010 bei enger Kontroll vum Bam festgestallt. Bei weideren Analysen am Joer 2013, 2016 an 2021 gouf festgestallt, datt de Bam sech séier zersat huet an datt en antëscht ee Sécherheetsrisiko géing duerstellen.