
De Roy Reding gouf vun de Riichter am Appell an alle Punkte fräigesprach. Domat gouf d’Urteel aus éischter Instanz net confirméiert. Hei war eng Prisongsstrof vun engem Joer mat integralem Sursis an eng Geldstrof vu 50.000 Euro festgehale ginn.
Dem ADR-Deputéierte Roy Reding war Bedruch virgehäit ginn. Méi genee huet de Parquet him en illegalen Immobilienhandel reprochéiert. 2016 hat den Deputéierten en Appartementshaus um Kierchbierg verkaaft a soll dobäi verheemlecht hunn, dass eng Wunnunitéit misst als Kellerraum zréckgebaut ginn.
An engem Geriichtsurteel vun 2014 war festgehale ginn, dass et net legal wier, den ëmgebaute Kellerraum als Wunneng ze verlounen. De Wunnraum, deen tëscht 2009 an 2010 geschaaft gi wier, géing nämlech net de Bauvirschrëften entspriechen. Zum Beispill wier d’Mindesthéicht vum Plaffong net ginn. Am Appell war 2015 d’Geriichtsurteel aus éischter Instanz confirméiert ginn. Den Roy Reding ass der Opfuerderung vum Réckbau awer net nokomm, mee huet d’Appartementshaus ee Joer méi spéit verkaaft.
Fir d’Geriicht stoung dann an 2. Instanz am Abrëll nees eng Kéier Ausso géint Ausso. Dem Roy Reding seng Affekotin, d’Lydie Lorang, huet drop higewisen, dass d’Keeferin iwwert den Ëmstand, dass déi 5. Wunneng am Appartement net kéint verlount ginn, Bescheed gewosst hätt. Den Immobilienagent wier zum Beispill an enger Mail drop higewise ginn. An éischter Instanz hat dësen awer ausgesot, näischt dovunner gewosst ze hunn.
En anert Bild vun der Situatioun hat och de Parquet général. Souwuel den Energiepass wéi och de Bilan vun de Loyere vun 2015 hätten d’Keeferin gleewe gedoen, dass d’Appartementshaus aus 5 Unitéite bestoe géing.