Ouschtere ganz aneschtRTL-Interview mam Kardinol Jean-Claude Hollerich iwwer déi aktuell Situatioun

Jeannot Ries
Op dësem Ouschter-Weekend bleiwen d'Kierchen net just hei zu Lëtzebuerg eidel.
RTL-Interview mam Kardinol Jean-Claude Holleric
Op dësem Ouschter-Weekend bleiwen d'Kierchen net just hei zu Lëtzebuerg eidel.

Just 10 Leit hunn de Poopst François um Kräizwee begleet. Op Ouschtersonndeg wäert d'Bild dat selwecht sinn. Um Enn vun der Mass wäert de Seegen "Urbi et orbi" iwwer Televisioun an Internet kommen. D'Péitersplaz, op där sech normalerweis bis zu 50.000 Gleeweg afannen, wäert eidel bleiwen.

D'Massen gi weider vun de Paschtéier gehalen. Eleng, sou de Kardinol Jean-Claude Hollerich am RTL-Interview. D'Paschtéier biede fir d'Leit alleguerten mat. D'Leit ginn mat an d'Gebiet erageholl. Broschüren erklären, wei d'Leit doheem kënne bieden. Dat géif och gebraucht. Souguer vu Famillen, déi fir d'éischt ufänke géife mat bieden.

De Kardinol bedauert, datt vill eelerer Leit, déi net um Internet sinn, just ganz schlecht kënnen erreecht ginn. Leit, déi sech dacks eleng spieren an Trouscht an Hëllef kéinte gebrauchen.

Am Gespréich geet de Jean-Claude Hollerich och drop an, wei den Ament Leit eleng a Cliniquen an der Isolatioun stierwen. Eng Isolatioun, déi an dëser Zäit muss sinn. Eng Situatioun, déi awer géif immens wéidoen.

De Kardinol seet alle Merci, déi sech den Ament a Cliniquen, an Altersheimer fir krank Mënschen asetzen. Um Enn, wann d'Epidemie am Grëff ass, wëll de Jean-Claude Hollerich och eng grouss Mass an der Kathedral organiséieren. Als Merci. Awer och vill all de Verstuerwenen ze gedenken, déi deen Hommage verdéngt hätten.

Um Samschdeg den Owend sollen d'Leit hei zu Lëtzebuerg eng Käerz ufänken an op d'Fënster sëtzen. Eng Aktioun, fir sech verbonnen ze villen, wat op Ouschteren an de Kierchen gefeiert gëtt. An e Sonndeg wäerte Punkt Mëtteg d'Klacken am Land, wärend 15 Minutten lauden. Eppes Besonnesches, ganz Feierleches, sou de Kardinol.

Op der Telephons Nummer 28 80 87 gouf och eng "pastoral" Linn geschalt, fir Mënschen, déi sech eleng fillen a mat engem schwätzen wëllen. Ouschteren eleng wier net schéin. Dofir den Appell vum Kardinol, eng grouss Telephon-Aktioun ze maachen a Leit unzeruffen, déi eleng sinn.

Wat d'Zäit nom Virus ubelaangt, sou misst méi Wäert op dat mënschlecht Matenee geluecht ginn. All dat, wat Gemeinschaft ass. D'Noperschaft. Déi global Wirtschaft wier schwaach an hätt op eng gewëss Aart a Weis d'Pandemie bruecht. "Glocal" wier e wichtegt Stéchwuert. Also, dat zweet, lokaalt Standbeen. Lokal Landwirtschaft misst zum Beispill ënnerstëtzt ginn, och wann um Enn de Präis fir Liewensmëttel méi deier ass.

Wa mer eist Konsumverhalen net änneren, da si mer ganz schwaach, wann eng aner Epidemie kënnt, sou de Jean-Claude Hollerich. Deen d'Fro opwerft, ob de Covid-19 net just d'Warnung ass, wann e Phenomen wéi de Klimawandel net eescht geholl gëtt. Ouni Prophéit vum schlechten ze sinn. Mir missten ons haut opstellen fir Problemer vun muer Meeschter ze ginn.

INTERVIEW INTEGRAL

De ganzen Interview mam Jean-Claude Hollerich
Op dësem Ouschter-Weekend bleiwen d'Kierchen net just hei zu Lëtzebuerg eidel.

Back to Top
CIM LOGO