Wéinst Presenz vun engem KrankheetserreegerSaint-Honorés-Taarten aus dem Cactus zeréckgeruff

RTL Lëtzebuerg
D'Veterinärsinspektioun rifft 2 verschidden Zorte vu Saint-Honorés-Taarte vun der Supermarchéschaîne Cactus zréck.
© Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire

Vum Réckruff betraff sinn engersäits d’Täertercher, déi als 2 méi kleng Stécker zesummen agepaakt sinn an anerersäits eng méi grouss Taart fir 6 Leit. Déi betraffe Produite lafen tëscht dem 7. an dem 16. Juni of.

Wéi et am Schreiwes vun der Veterinärsinspektioun heescht, wiere Listerien an den Taarten nogewise ginn. Dës kënne Féiwer, Kappwéi a Mo-Daarm-Entzündungen ausléisen.

Back to Top
CIM LOGO