Déi GréngSam Tanson a François Bausch sinn d'Spëtzekandidaten am Zentrum

RTL Lëtzebuerg
Mat direkt 2 Ministeren am Spëtzenduo trieden déi Gréng mat hirer Lëscht fir d'Chamberwalen am Zentrum un.
© Déi Gréng Zentrum

Nieft der nationaler Spëtzekandidatin Sam Tanson kandidéiert och nees de Mobilitéitsminister François Bausch, deen 2018 e staarke Score vu bal 20.000 Stëmme krut. De Vize-Premierminister huet awer ewell wësse gedoen, datt hie kee Ministeschressort méi wäert iwwerhuelen, wann hie sollt gewielt ginn.

Da sinn op der Grénger Zentrumslëscht natierlech d’Deputéiert Djuna Bernard, de François Benoy, de Charel Margue an d’Jessie Thill vertrueden.

A groussen Deeler setzen déi Gréng am Zentrum op Politiker, déi och an de Gemenge gewielt goufen: dëst sinn d’Stater an d’Bartrenger Conseillèren Christa Brömmel, Claudie Reyland a Gaby Damjanovic, grad wéi de jonken neien Hesper Conseiller Stephen De Ron.

© Déi Gréng Zentrum

Soss kandidéieren nach d’Nidderaanwener Conseillère Jojo de Vries, grad wéi d’Gemengerotsmemberen Nora Forgiarini (Schëtter), Armand Kremer (Luerenzweiler), Anne-Marie Linden (Stroossen), Gilles Losch (Helperknapp) an Anna Tieben (Sandweiler).

Och op der Zentrumslëscht vertruede sinn den CHDN-Direkter Jean-Marc Cloos, de Paul Zens, de Nicolas Hentgen, de Co-Spriecher vun de jonke Grénge Fabricio Costa an d’Cecilia Beirao vu Miersch.

2018 haten déi Gréng am Zentrum mat 16% vun de Stëmmen 4 Deputéiert an d’Chamber geschéckt, woubäi d’Éischtgewielt Bausch an Tanson zu Minister-Charge koumen.

De Fënneftgewielte Carlo Back ass iwwerdeem a seng politesch Pensioun gaangen an kandidéiert net méi.

Den Zentrum huet eng besonnesch elektoral Bedeitung fir déi Gréng, well et an dësem Bezierk war, wou een ëm 6 Punkte bäigeluecht hat an d’Zuel vun de Mandater op 4 Deputéierter verduebelt hat.

PDF: Zentrums-Lëscht Déi Gréng (FR)

Back to Top
CIM LOGO