Normalen Oflaf bei gréisserer AffärSam Tanson gouf informéiert, datt den Dossier Gaardenhaischen un d’Chamber goung

Diana Hoffmann
Et ass Usus, datt d’Justizministesch vun der Procureure informéiert gëtt, wann et sech ëm gréisser Dossieren handelt.
Normalen Oflaf bei gréisserer Affär
Et ass Usus, datt d’Justizministesch vun der Procureure informéiert gëtt, wann et sech ëm gréisser Dossieren handelt.

Et ass den normalen Oflaf, datt d’Justizministesch vun der Procureure générale d’Etat informéiert gëtt, wann e Communiqué vun der Justiz an enger Affär wéi Lausduer, Waldhaff oder eben och Gaardenhaische kënnt, seet d’Procureure générale d’Etat, d’Martine Solovieff. Sou kéint d’Ministesch sech preparéieren, datt eppes kënnt, a misst net doriwwer aus der Press gewuer ginn. Dem Gesetz no steet d’Procureure général d’Etat hei am Land nämlech bis elo ënnert der Autoritéit vun der Justizministesch. Inhaltlech Detailer vum Dossier géingen awer net kommunizéiert ginn, just, wat eben am Communiqué stéing. Sou wier dat och an der Affär Gaardenhaische gewiescht.

D’Press, notamment den 100,7 an d’Tageblatt, hat gemellt, déi gréng Ëmweltministesch wier vun der Justizministesch iwwert dem Parquet seng Decisioun informéiert ginn, fir den Dossier vun der Gaardenhaischen-Affär un d’Chamber weiderzeginn. An zwar ier déi zoustänneg Deputéiert vum Chamberbüro Bescheed wossten, datt d’Justiz hir Vir-Enquête ofgeschloss hätt.

Datt elo d’Carole Dieschbourg duerch hier Parteikolleegin Sam Tanson virun deenen aneren Deputéierten informéiert war, läit dorunner, datt d’Informatioun an der Chamber net direkt weidergi gouf. Do gouf den Dossier mat engem Bréif en Donneschdeg de Moien, den 21. Abrëll an der Chamber ofginn. E Beamte vum Parquet général hat dofir um 10.30 Auer e Rendez-vous. Iwwer eng Stonn méi spéit, géint 12 Auer, huet d’Martine Solovieff dann och d’Sam Tanson informéiert, sou wéi dat Usus wier bei gréisseren Dossieren. Datt d’Justizministesch déi Informatioun weiderginn hätt, wier an der Justizministesch hirer Responsabilitéit, seet d’Martine Solovieff.

D‘Sam Tanson war deen Ament, wou si vun der Procureur Générale informéiert gouf als Kulturministesch op der Biennale zu Venedeg. Vun do aus huet si dunn hirersäits hir Parteikolleegin Carole Dieschbourg op den neiste Stand gesat.

„Laut deenen Informatiounen déi ech hat war d‘Chamber informéiert. Si war saiséiert vum Dossier an ech sinn dovunner ausgaangen, dass deen Dossier och ganz séier géing un d‘Deputéierten goen an dass déi Informatioun dann och ganz séier géing ëffentlech gemaach ginn. Fir mech war dat eng Saach vu Minutten vläicht enger Stonn. Ech wollt evitéieren, dass d‘Madamm Dieschbourg, dat géif iwwer eng Push-News gewuer ginn. Si sollt sech kënne moralesch preparéieren.

De Chamberpresident Fernand Etgen gouf direkt iwwer Telefon vum Secrétaire Général informéiert, datt en Dossier erakomm wier. Well fir den Dag drop, Freides Mëttes 12 Auer, eng Sëtzung vum Chamberbüro programméiert war, wollt een d’Membere vum Büro zäitgläich informéieren, ënnersträicht den DP-Chamberpresident Fernand Etgen. Freides Moies goung de Communiqué vun der Justiz dunn un d’Press. “Mir konnte jo net wëssen, datt sech d’Saache géinge Freides Moies iwwerschloen”, sou de Fernand Etgen. Ob et onglécklech ass, datt d’Carole Dieschbourg virun den Deputéierten informéiert war, wëll hien net kommentéieren.

De Verfassungsexpert Luc Heuschling soll wéi et ausgesäit e Méindeg vun der Chamber gehéiert ginn. Vum Professer vun der Uni Lëtzebuerg erwaart sech notamment déi gréng Fraktioun Informatiounen doriwwer, wien an der Affär zoustänneg ass, fir d’Ex-Ministesch ze héieren. D’Martine Solovieff hat déi Deputéiert schonn doriwwer ënnerriicht, datt dat d’Chamber wier. “Ech si supposéiert d’Decisioun vun eisen ieweschte Riichter ze respektéieren. An dat maachen ech dann och esou”, seet d’Martine Solovieff.

CSV schwätzt vu Fauxpas

Fir d’CSV ass d’Weidergi vun der Informatioun, datt d’Vir-Enquête an der Affär Gaardenhaischen ofgeschloss ass, an den Dossier un d’Chamber weidergi gouf, e politesche Fauxpas. Och wann et juristesch net illegal ass, seet den CSV-Co-Fraktiounspresident Gilles Roth. Dat geet esou aus engem Avis juridique ervir, deen d’CSV vum Maître Gaston Vogel maache gelooss huet. Et wäert een net méi nokucken, datt am Dossier Dieschbourg mat etlechen Avisen op Zäit gespillt gëtt, sou de Gilles Roth nach.

Immens onglécklech, fënnt de Piraten-Deputéierte Sven Clement dat Ganzt. Hie versteet, datt d’Justizministesch, kuerz ier de Communiqué erausgaangen ass, informéiert gouf. Wat hien awer net versteet, ass datt si der Parteikolleegin seet, datt eppes kënnt.

A sengen Ae wier dat e Broch vum Secret d’instruction. Schliisslech hätte sech de grénge Vizepremier François Bausch an d’Carole Dieschbourg och schonn, den Owend ier de Communiqué vun der Justiz erausgaangen ass, concertéiert. Dat hat de François Bausch vis-a-vis vum Tageblatt behaapt.

Back to Top
CIM LOGO