City-Breakfast"Samschdeg-Maniff weist, datt sech eng Partie Leit net wëll u Reegelen halen"

RTL Lëtzebuerg
D'Manifestatioun e Sonndeg huet dogéint awer bewisen, datt een och friddlech demonstréiere kann, esou d'Lydie Polfer.
© Monica Camposeo

D’Manifestatioun vun e Samschden an der Stad huet gewisen, dass eng Partie Leit sech per se net wëllen un d’Reegelen halen. Dat sot d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch de Moien um City Breakfast. “Ëm sou méi frou sinn ech, dass et de Sonndeg friddlech bliwwen ass.” Dat géing weisen, dass et méiglech ass, friddlech ze demonstréieren, esou wéi dat bis ewell och soss ëmmer de Fall war an och de Gros vun de Leit et mécht, huet d’Buergermeeschtesch betount. Wien dëse Weekend wëll manifestéieren, muss sech un de securiséierte Parcours halen, dat géing fir all Organisatioun gëllen.

Stand dëse Mëttwoch gouf keng spezifesch Autorisatioun ugefrot, ma d’"Polonaise solidaire” wier awer scho viru Méint fir all Samschden ugemellt ginn. Déi gréisste Problemer hätt et bis ewell vun engem Grupp ginn, dee sech “Rassemblement National” nennt, esou d’Buergermeeschtesch. Ween och ëmmer dat ass. Dat si keng Leit, déi mat eis Kontakt huelen. Dat heescht, et kann een näischt organiséiere mat hinnen an och näischt ofmaachen. Mir hunn dat bis elo ëmmer gären am Dialog gemaach. Mä fir en Dialog ze féieren, muss een e Géintiwwer hunn. Wann dat just iwwer Opriff an de soziale Medie geschitt, dann hu mir kee mat deem mir kënnen dialogéieren. Mä d’Police ass awer esou opgestallt, dass se och net daf an och net blann ass vis-à-vis vun dësen Opriff.“

Extrait Lydie Polfer (1)

Schnelltester an Impfen an der Stad

D’Aktualitéit an der Stad Lëtzebuerg dréint sech den Ament da vill ëm d’Impfen an d’Testen. An der Moyenne hu sech eng 150 Leit den Dag am Pop-Up-Impfzenter an der Groussgaass impfe gelooss. 48.235 Schnelltester sinn zanter der Ouverture am Mee am Stater Testzenter gemaach ginn, iwwer 7.000 Schnelltester goufen am ganze November an deem Zenter gemaach, esou vill wéi a kengem anere Mount.

Wéi et mat de Bonge vu der Gemeng weidergeet, fir e Schnelltest zum Präis vu 5 Euro kënnen ze maachen, ass nach net gewosst. Dat soll nom Vott vum neie Covid-Gesetz diskutéiert ginn.

Knuedler: Ufank Oktober 2023 sollen Aarbechte fäerdeg sinn

En anert Thema um traditionelle Presse-Rendez-vous waren d’Aarbechten um Knuedler. Ufank Oktober 2023 soll dee ganze Knuedler zesumme mat der Rue du Fossée fäerdeg sinn. D’Buergermeeschtesch huet präziséiert, dass d’Steng, déi fir den neie Buedem benotzt ginn, aus Bayern kommen.

Pirateschëff am Stater Park gëtt grondsanéiert

E weidere Chantier ass d’Pirateschëff. Déi beléifte Spillplaz gëtt vum 3. Januar un ofgebaut fir grondsanéiert ze ginn. Am Joer 2005 war d’Pirateschëff am Stater Park ageweit ginn. D’Holzbefestegungen um Buedem missten elo frësch gemaach ginn.

„Doduerch, dass eis Spillplazen ëmmer all vu Luxcontrol kontrolléiert ginn, ass bei Buerungen am Holz virun zwee/ dräi Joer erauskomm, dass mer net wäerten derlaanscht kommen, fir déi Spillplaz eng Kéier komplett nei ze maachen,“ präziséiert de Stater Schäffe Serge Wilmes.

Extrait Serge Wilmes (1)

Domadder wëll d’Gemeng och de Label “Sécher Spillplaz” behalen. Et hofft een dann, dass déi nei Spillplaz méi laang hält, wéi 15 Joer.

Fir d’Ouschtervakanz am Abrëll geet d’Spillplaz erëm op, d’Schëff wäert da quasi d’nämmlecht ausgesinn. Et wéilt een e Symbol aus der Stad net veränneren, esou de Schäffe Serge Wilmes. De Budget läit bei 650.000 Euro.

Zwou nei Linne fir de Pedibus

De System vum Pedibus gëtt erweidert. Vum drëtte Januar u soll och eng Linn um Belair bäikommen an eng weider um Cents. Den Ament ginn am ganze 54 Kanner mam Pedibus an d’Schoul, et muss ee sech dofir iwwert de Site vun der Stad Lëtzebuerg umellen. Erwuessener kënne sech umellen, fir d’Kanner ze begleeden. Dofir gëtt et och eng Remuneratioun vun 20 Euro d’Stonn.

Chrëschtbeem an der Stad kommen aus Lëtzebuerger Bëscher

Um leschte City Breakfast fir d’Joer 2021 waren dann och d’Chrëschtbeemercher, déi een an der Stad gesäit, nach en Thema. Dës Beem kommen aus Lëtzebuerger Bëscher, huet de Serge Wilmes erkläert. No der Chrëschtzäit ginn d’Beem kompostéiert an domadder erëm als Kompost am Bësch agesat.

De Communiqué iwwert de Pedibus

Projet « Pedibus »

Deux nouvelles lignes à partir de janvier 2022

À partir du lundi 3 janvier 2022, la Ville de Luxembourg introduira deux nouvelles lignes « Pedibus » permettant aux enfants de se rendre à l’école à pied en toute sécurité, en compagnie de leurs camarades et encadrés par des accompagnateurs : une première ligne à Belair et une ligne supplémentaire à Cents, renforçant l’offre existante dans le quartier suite au succès rencontré par le projet-pilote lancé en septembre dernier.

Au quartier Belair, la nouvelle ligne comportera 4 arrêts et passera par la rue Charlemagne, la rue d’Oradour, la rue Théodore Eberhard et la rue Charles Arendt jusqu’à l’école Gaston Diderich (pour enfants à partir du cycle 2.1).

Au Cents, la nouvelle ligne – avec ses 3 arrêts – s’ajoutera aux deux lignes existantes : elle reliera la rue des Pommiers au centre sportif et scolaire rue Léon Kauffman, en passant par la rue Père Dominique Pire, la rue Raoul Follereau, la rue des Alouettes et la rue de Trèves (pour enfants à partir du cycle 1.1).

Inscription préalable obligatoire

Afin de pouvoir profiter du « Pedibus », les parents doivent obligatoirement inscrire leurs enfants au préalable via le formulaire disponible sur pedibus.vdl.lu.

Les inscriptions sont possibles pour les deux nouvelles lignes ainsi que pour les 3 lignes introduites à l’occasion de la rentrée scolaire 2021/2022 (école Verger à Bonnevoie / école Cents).

« Pedibus » : un moyen de transport sain, sécurisé et écologique

Le « Pedibus » est un moyen de transport sain, sécurisé et écologique, qui a tout d’un bus scolaire traditionnel, sauf un moteur :

- différentes lignes avec une destination précise, à savoir l’école du quartier

- des arrêts fixes qui sont signalés par des panneaux, chaque enfant pouvant joindre le « Pedibus » à l’arrêt le plus proche de son domicile

- des horaires précis

- des « conducteurs » qui accueillent les enfants et les accompagnent vers l’école et au retour, chaque groupe étant encadré par au moins deux accompagnateurs. À noter que les personnes intéressées à devenir « accompagnateur Pedibus » pourront introduire leur candidature via le formulaire disponible sur pedibus.vdl.lu.

Grâce au projet « Pedibus », la Ville de Luxembourg poursuit plusieurs objectifs : elle favorise la mobilité douce, et plus particulièrement les déplacements piétonniers, augmente la sécurité autour des écoles en réduisant la charge de trafic occasionnée par le recours individuel à la voiture, sensibilise les enfants dès leur plus jeune âge à la sécurité routière ainsi qu’à la préservation de l’environnement et renforce la cohésion entre les habitants du quartier.

Suite du projet

La Ville de Luxembourg continuera d’évaluer le projet « Pedibus » en vue d’une éventuelle extension vers d’autres quartiers de la Ville.

Plus d’informations : pedibus.vdl.lu

Back to Top
CIM LOGO