Luc Frieden am InterviewSanktioune vu Krich wäerten Hausse vun Energiepräisser an Inflatioun bréngen

Jean-Marc Sturm
Krich an der Ukrain: Russland kritt méi Widderstand wéi erwaart an et komme Mënschen ëm d'Liewen. Leed a Mesuren also. Derbäi kënnt eng ekonomesch Achs.
Luc Frieden am Interview
Krich an der Ukrain: Russland kritt méi Widderstand wéi erwaart an et komme Mënschen ëm d’Liewen. Leed a Mesuren also. Derbäi kënnt eng ekonomesch Achs.

Interview mam Luc Frieden / Rep. Jean-Marc Sturm

De Luc Frieden, aktuelle President vun der Handelskummer a President vun der europäescher Federatioun vun de Chambres de Commerce, mengt, dass Wirtschaftssanktiounen u sech een éischter schlechte Choix fir béid Säite sinn. Mä déi heite Situatioun konnt een net toleréieren.

“Dofir muss een acceptéieren, dass ee Sanktiounen hëlt, déi een och selwer treffen. Et ass en eesäitege Krich”, sou de fréiere Minister.

"Et muss ee Sanktiounen huelen, déi een och selwer treffen"
Fir de Luc Frieden ass de Krich an der Ukrain net ze toleréieren, dowéinst musse Wirtschaftssanktioune geholl ginn.

Et misst ee sech awer och bewosst sinn, dass et eis wäert eppes kaschten, esou de Luc Frieden.

“D’EU exportéiert fir 80 Milliarden Euro pro Joer a Russland. Dat mécht 5 Prozent vum Export aus. Et trëfft also och eis. De Präis, dee mer wäerte bezuelen, wäert héich sinn.”

De Luc Frieden prophezeit eng Hausse vun den Energiepräisser an domadder och vun der Inflatioun.

Lëtzebuerg huet e schwieregt wirtschaftlecht Joer viru sech
D’Entreprisë sollen an hirer digitaler a grénger Transformatioun mat Steiermëttelen ënnerstëtzt ginn. Mä dee Coup opzefänken, wäert net ouni Schued goen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO