
E Grupp Jonker huet de Mann wéi et schéngt ouni Grond agresséiert. RTL ass dat elo op Nofro hi bei der Police gewuer ginn.
Dräi Leit konnten nom Virfall vun der Police ermëttelt ginn. Ee jonken Erwuessenen ass op Schraasseg an de Prisong komm an zwee Mannerjäreger goufen zu Dräibuer an der Sécherheetsunitéit Unisec ënnerbruecht.