Paulette Lenert confirméiertSanté-Mataarbechter huet probéiert, gefälschte PCR-Test zertifiéieren ze loossen

RTL Lëtzebuerg
D'Paulette Lenert confirméiert d'Informatioun, datt e Santé-Mataarbechter versicht huet, sech e gefälschte PCR-Test zertifiéieren ze loossen.
© AFP

D’Lëtzebuerger Land hat viru ronn engem Mount heiriwwer bericht. Theoretesch wier et mam System méiglech, e falsche Certificat ze produzéieren. Ma zënter dem Virfall wieren d’Prozedure verschäerft ginn, schreift d’Gesondheetsministesch an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Martine Hansen a Jean-Marie Halsdorf.

Et hätt just eng limitéiert Zuel u Leit Accès op de System. Lo wieren dat just nach Persounen aus dem “service d’aide et de vérification”. Si misste sech mam Numm aloggen an all Aktioun wier traçabel. Et ginn och Kontrolle gemaach, schreift d’Ministesch.

An der Press hat et deemools geheescht, datt de concernéierte Mataarbechter suspendéiert an de Parquet informéiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO