
Den Tribunal administratif huet hire Recours nämlech als justifizéiert ugesinn an domat den implizite Refus vun enger Baugeneemegung annuléiert, dee sech duerch d'Net-Äntwert vum Jean-Paul Schaaf bannent 3 Méint erginn hat.
Den Dossier muss zréckgoe bei de Buergermeeschter, d'Gemeng eng Indemnité de procédure vu 600 € an och d'Fräe bezuelen
D'Sàrl hat am Juli 2018 e Bréif geschriwwen, deen am August bei der Gemeng agoung, an doran d'Autorisatioun gefrot fir de Bau vun engem Bürosgebai. Well keng Äntwert op dat Schreiwes koum, war d'Sociétéit am Dezember vun deem Joer op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
Deem seng 1. Riichter hale fest, dass e Buergermeeschter bei enger Baugeneemegung ze préiwen huet, ob e Projet konform ass zu den Urbanismusregelen, spréch dem Plan d’aménagement général an dem Bautereglement. E Buergermeeschter géif duerch de Refus vun enger Autorisatioun, déi net duerch d'Regele vum Urbanissem verbuede wär, en Terrain net bebaubar maachen, op deen awer Baute kéinte kommen; sou eng Manéier fir virzegoe wär net nëmme per Gesetz verbueden, mä géif och géint d'Attributioune vum Buergermeeschter verstoussen.
Wann eng Demande de Regelen entsprieche géif, da wär d'Genemegung auszestellen; am anere Fall léich en „Abus“ oder „Excès de pouvoir“ vir. Deen am Verlaf vun der Prozedur vun der Gemeng erkläerte Refus géif op engem zukünftege Contournementsprojet berouen, deen duerch déi entspriechend Parzell féiere kéint; d'Ëmrësser vun deem Projet wären awer nach net definéiert, an den Terrain léich an enger „zone d’activités commerciales, artisanales et de services“.
Well den Tracé vun deem Contournement nach net definitiv fixéiert wär, kéint d'Parzell net als net bebaubar ausgewise ginn, sou den Tribunal administratif, soudass de Refus vum Buergermeeschter net justifizéiert an deemno z'annuléiere wär; den Dossier misst zréck bei de Gemengepapp. D'Sàrl hätt iwwerdeems eng Indemnité de procédure zegutt, well si Affekotekäschten ze droe gehat an d'Grënn fir de Refus eben eréischt am Verlaf vun der Prozedur matgedeelt kritt hätt. Doduerch wäre weider Fraisen entstanen, ë.a. well nach e Mémoire ze schreiwe gewiescht wär.
