Service Deminage am AsazSchantjen op der N10 - Däitsch Anti-Panzerminne goufe gesprengt

Maxime Gillen
D'N10 am Ausgang vu Maarnech fir op d'Doosber Bréck war gespaart, well hei eng kontrolléiert Sprengung duerchgefouert gouf.
Schantjen N10 - Däitsch Anti-Panzerminne goufe gesprengt
D'N10 am Ausgang vu Maarnech fir op d'Doosber Bréck war gespaart, well hei eng kontrolléiert Sprengung duerchgefouert gouf.

Si si 24 Stonnen op 24 erreechbar a récken dann un, wann iergendwou am Land Minnen oder aner Sprengkierper fonnt ginn. An och nodeems viru gutt zwee Méint zwee vun hire Kollege bei dëser riskanter Aufgab ëm d'Liewe komm sinn, ass d'Ekipp vum Deminage vun der Arméi bal all Dag op en Neits am Asaz, fir geféierlech Sprengkierper ze entschäerfen, oder kontrolléiert ze sprengen.

Um Freideg goufe si op e Chantier bei Maarnech geruff. Bei Bauaarbechten un der N10 goufen zwou däitsch Anti-Panzerminnen aus dem zweete Weltkrich fonnt.

Entschäerfe war awer net méi méiglech, wéi de Premier Lieutenant François U. vum Service Deminage erkläert: Mir hu se op der Plaz zerstéiert. Ebe well den Zünder nach drop war an den Zünder war an engem ganz schlechten Zoustand. Dat heescht et ginn och Zünder, déi hunn e „Piège anti-devissage“, dat heescht déi kann een net lass schrauwen, déi kritt een net méi erof. Do ass déi eenzeg Méiglechkeet se op der Plaz ze sprengen.Fir dass dobäi och kengem eppes geschitt, gouf e Freideg ronderëm de Chantier gutt 350 Meter wäit ofgespaart an d'Leit evakuéiert. D'Police war op der Plaz fir d'Ofsécherung. Kuerz no 11 Auer koum d'Entwarnung, dass de Policeasaz eriwwer wier.

Eleng fir d'Sécherheet vun de Bauaarbechter ze garantéieren, gouf eng privat Firma engagéiert, déi déi ganz Streck no weidere Minnen ofsicht. Gëtt dann eng fonnt, ass et erëm un de Männer a Frae vum Service Deminage, fir dës sécher aus dem Wee ze raumen. Den Asaz vun e Freideg war schonn deen 105. fir dëst Joer.

Back to Top
CIM LOGO