
No ronn enger Stonn Aarbecht vun de Rettungsdéngschter op der Plaz, war d'Feier nach net ënner Kontroll, d'Pompjeeë vu Rammerech a vu Réiden op der Atert hunn awer alles probéiert, fir datt d'Feier net op aner Gebaier konnt iwwergräifen. Eng Ambulanz vu Réiden ass och op der Plaz.
Éischten Informatioune no gouf kee blesséiert.

Den ACL hat gemellt, datt d'Strooss duerch d'Aarbechte blockéiert wier an een dës Plaz am beschten evitéiere sollt.
Géint 17.15 Auer koum d'Info, datt d'Strooss erëm op wier.