50 Pompjeeën am AsazScheier zu Stroossen a Flamen, 3 Leit goufen evakuéiert

RTL Lëtzebuerg
Den Noutruff, dass eng Scheier mat Niewegebaier zu Stroossen géife brennen, ass e Samschdeg géint 22 Auer beim 112 agaangen.
© RTL

Ongeféier 50 Pompjeeën aus 6 Asazzentere waren am Asaz, um kuerz virun 12 Auer e Samschdeg den Owend war d’Feier ënner Kontroll. 1 Pompjee gouf beim Asaz blesséiert a koum an d’Urgence. 3 Leit goufen iwwerdeems evakuéiert, eng Persoun koum an d’Spidol.

Biller vum Brand zu Stroossen
Den Noutruff, dass eng Scheier mat Niewegebaier zu Stroossen géife brennen, ass géint 22 Auer beim 112 agaangen.

Back to Top
CIM LOGO