Space CafeSchneider: 50 Entreprisë schonn zu Lëtzebuerg, 150 nach an der Pipeline

Claudia Kollwelter
Kevin Kayser
Am nächste Joer wäerte nach 400 Leit méi hei zu Lëtzebuerg am "Space-Secteur" schaffen. Aktuell sinn eng 900 Leit, déi am Secteur schaffen.
© Claudia Kollwelter / RTL Radio Lëtzebuerg

De Space-Secteur fänkt un, sech ëmmer méi hei am Land ze developpéieren. Dat konnt een och en Dënschdeg op der 6. Editioun vum sougenannten "Space Cafe" gesinn, engem Diskussiounsforum ronderëm den Domaine vum Weltraum, bei deem ronn 200 Leit deelgeholl hunn. Invitéiert waren den Directer vun iSpace Europe an de Lëtzebuerger Wirtschaftsminister Etienne Schneider, bei deem d'Claudia Kollwelter nogefrot huet, wéi d'Situatioun aktuell am Secteur ausgesäit.

Space Cafe / Reportage Claudia Kollwelter

Alles an allem schaffe ronn 50 Entreprisen am Space Secteur hei am Land. De Secteur mécht zu Lëtzebuerg 2 Prozent vu sengem PIB aus, wat den héchsten Taux an der ganzer europäescher Unioun ass, betount de Wirtschaftsminister Etienne Schneider:

Dat weist, datt mer scho relativ vill erreecht hunn an deem Beräich an de leschte Joren. Virun allem hu mer dobaussen an der internationaler Press immens vill Opmierksamkeet erreecht. Jiddereen op der ganzer Welt, deen am deem Beräich schafft, kënnt entretemps Lëtzebuerg, ass interesséiert un deem, wat mir hei am Land maachen a kënnt reegelméisseg mat eis a Kontakt, fir ze kucken, wéi se kënnen zesumme mat Lëtzebuerg an deem Domaine schaffen.

An de leschten zwee Joer hätt een 20 zousätzlech Entreprisen op Lëtzebuerg krit, déi bis d'nächst Joer ronn 400 Aarbechtsplaze wäerte schafen.

Mee wat nach vill méi interessant ass: Mir hu ronn 150 Entreprisen, Institutiounen, Recherchezenteren an der Pipeline, déi wëlle mat Lëtzebuerg zesummeschaffen, respektiv sech zu Lëtzebuerg nidder loossen.

© Claudia Kollwelter / RTL Radio Lëtzebuerg

Virun 3 Joer gouf eng Analyse gemaach, wat alles en place gesat muss ginn, fir als Land am Space Secteur e Rôle ze spillen. Dem Etienne Schneider no goufen déi Hausaufgabe gemaach.

Mir hunn e Space Gesetz an d'Weeër geleet, mir hunn ganz Recherche- an Innovatiounsprogrammer opgestallt, fir an deem Beräich z'investéieren. Mir selwer als Staat si bereet z'investéieren, wat mer jo och deelweis gemaach hunn. Een Investissement ass schif gaangen, mä dat ass natierlech ëmmer de Risiko bei sou engem neie Secteur.

Vum September u leeft dann jo och e Space Master un. Donieft wieren eng ganz Partie Accorde mat anere Länner ënnerschriwwe ginn, betount de Wirtschaftsminister. Mä domat net genuch:

Mir wäerten deemnächst en "venture capitale fund" op d'Bee sëtzen. Dat si Suen, déi zum Deel vu privaten Investisseure kommen, zum Deel vum Staat, fir eben just an déi do Entreprise kënne weider z'investéieren.

Trotz dem Réckschlag beim Investissement vu Planetary Ressources betount de Vizepremier, datt Lëtzebuerg nach ni e Wirtschaftssecteur a sou kuerzer Zäit, mat esou wéineg Moyenen, opgebaut hätt.

Extrait Etienne Schneider

Nieft dem wirtschaftlechen Aspekt wier et awer och e Secteur, deen dem Image vu Lëtzebuerg zegutt kéim.

Wëll mer mol eng Kéier net just als Steierparadäis duergestallt ginn, mä als wierklech en High-Tech-Standuert, dee probéiert nei Aktivitéiten ze developpéieren, deen "First Mover" ass an deen innovativ ass.

D'Entreprisen, déi an tëscht schonn hei am Land sinn, hätten ganz vill spannend Projeten, huet den Etienne Schneider nach betount, an d'Beispill vun der geplangter Moundlandung, déi deemnächst vu Lëtzebuerg aus starte soll, genannt.

Back to Top
CIM LOGO