
Et ass jo gewosst, dass Leit, déi no enger Covid-Erkrankung nees geheelt sinn, trotzdeem nach eng Zäit laang e positive PCR-Test kréie kënnen. Bei engem Schnelltest ass dat awer net de Fall, wéi mir op Nofro vun der Santé confirméiert kruten.
Eng Partie Leit hate sech mat dëser Fro bei eis gemellt, wéi d'Regierung decidéiert huet, dass ee mat engem negative Schnelltest an de Restaurant oder och op Sport- a Kulturevenementer ka goen.
D'Santé erkläert, dass Schnelltester eng manner héich Sensibilitéit hunn. E PCR-Test, deen nasopharyngé oder oropharyngé ass, kann nach bis zu 105 Deeg no der Infektioun positiv ausschloen. Hei ass vun engem „prélèvement profond" rieds.
En nasalen TAR-Test, also e Schnelltest, wéi en elo ka gemaach ginn, fir an de Restaurant ze goen, ass kee „prélèvement profond", mä „superficiel". Dowéinst weist dësen Test nëmme positiv un, wann eng grouss "Charge virale" do ass.
Persounen, déi also no hirer Erkrankung beim PCR-Test ëmmer nach e positiivt Resultat kréien, brauche sech beim Schnelltest deemno keng Suergen ze maachen.
