CGDISSchonn nees hunn Autoe gebrannt, zu Stengefort an Éilereng

RTL Lëtzebuerg
Zu Stengefort an der Käercher Strooss hunn an der Nuecht op en Dënschdeg, kuerz no 2 Auer, dem CGDIS no, direkt e puer Autoen gebrannt.
© CIS Stengefort

3 Pompjees-Corpsen, nämlech déi vu Stengefort, Mamer a Käerch waren am Asaz. Et wier kee blesséiert ginn.

Weider Detailer feelen nach.

Weider Bränn

E Samschdeg de Moien gouf et zu Éilereng an der route d'Esch och nach e Fall vun Autoen, déi gebrannt hunn. Dat huet eis en Nolauschterer gemellt. 2 Autoe waren hei betraff. Den Tëschefall war tëscht 3 a 4 Auer moies.

Viru genee enger Woch hat quasi ëm déi selwecht Auerzäit zu Izeg an der Rue de Contern en Auto gebrannt. E weideren Auto, deen niewendru stoung, gouf deemools mat beschiedegt.

Fotoe vum 2. Abrëll vun Izeg.
Fotoe vum 2. Abrëll vun Izeg.
© Police

Artikel: Auto zu Izeg komplett verbrannt

Back to Top
CIM LOGO