
D’Resultater vun der Etüd, déi vun engem Schwäizer Expert Pierre-André Michaud geleet gouf, sinn um Dënschdeg presentéiert ginn. Dobäi ass erauskomm, dass d’Schoulmedezin éischter a Richtung “Schoul-Gesondheet” soll goen.
D’Besoinen an d’Gewunnechte vun de Kanner a Jugendlechen hätte sech an de leschte Joerzéngten enorm geännert. Am Plaz vu réng präventiven Ënnersichunge bräicht ee méi eng global Approche, déi och dem Psycho-Soziale Rechnung dréit.