
De Blesséierte koum mam Rettungshelikopter an d’Spidol.
D’Streck huet musse wärend de Rettungsaarbechte fir den Trafic gespaart ginn. D’Police technique gouf vum Parquet beoptraagt, déi genee Ëmstänn vum Accident ze klären.
En Dënschdeg de Moie si géint 8.30 Auer zwee Autoen op der A6 Richtung Stad, op der Héicht vun der Sortie Mamer anenee gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.
Géint 10.25 Auer huet et um Kierchbierg an der Avenue John F. Kennedy gerabbelt. Hei waren e Bus an en Auto net laanschtenee komm. Och hei gouf et ee Blesséierten.
Kuerz no 12.30 Auer sinn zu Stroossen an der Rue du Plebiscite zwee Autoen aneneegerannt. Hei gouf eng Persoun verwonnt, wéi de CGDIS matdeelt. Och de Samu war op der Plaz.
Zu Lëntgen an der Rue Principale ass en Automobilist mat sengem Won an eng Stroosseluucht gerannt a gouf dobäi blesséiert.